Zënter dem 2. Abrëll kann ee 15 nei Petitiounen um Petitiounssite vun der Chamber ënnerschreiwen.

All Bierger deen op d'mannst 15 Joer al ass an eng Lëtzebuerger Matricule huet, kann um Petitiounssite vun der Chamber eng ëffentlech Petitioun areechen. Wann d'Petitiounskommissioun vun der Chamber decidéiert, dass eng Petitioun recevabel ass, kann dës wärend 6 Wochen ënnerzeechent ginn.

Zënter dem 2. Abrëll kann een da 15 nei Petitiounen um Petitiounssite vun der Chamber ënnerschreiwen. Oprond vun der aktueller Situatioun ass et wéineg verwonnerlech, dass direkt 5 vun dëse Petitiounen op déi eng oder aner Manéier mat der Pandemie vum Coronavirus ze dinn hunn.

Esou fuerdert zum Beispill eng Petitioun, dass all Bierger, deen an d'Ausland reest, an engem raisonnabelen Delai an zu engem raisonnabele Präis e PCR-Test soll maache kënnen.

Direkt 3 Petitioune beschäftegen sech da mat de Vaccine géint de Coronavirus. Eng vun hinne fuerdert en ëffentlechen Debat iwwert déi Lëtzebuerger Impfcampagne. An Dësem soll doriwwer diskutéiert gi firwat d'Impfen hei am Land am Verglach mat anere Länner esou lues viru geet an ob et déi richteg Entscheedung war sech der europäescher Impf-Strategie unzeschléissen.

An zwou weidere Petitioune geet et dann ëm d'Zouloossung, respektiv d'Uschafe vun neie Vaccinen. An enger Petitioun gëtt gefuerdert, dass d'Bierger an engem Referendum iwwert den Akaf vum russesche respektiv vum chineeseschen Impfstoff ofstëmme sollen. Eng weider Petitioun fuerdert, dass d'Regierung mat der russescher Regierung a Kontakt trieden a genuch vum russesche Corona-Vaccin kafe soll fir, dass d'Lëtzebuerger Bevëlkerung mat dësem ka geimpft ginn.

Schliisslech fuerdert e Petitionär, dass wéinst dem Covid-19 nees Kontrollen op de Grenze solle gemaach ginn an dass, d'Grenze sollen zougemaach gi falls déi sanitär Situatioun dëst erfuerdert.

Allerdéngs huet net all Petitioun de Coronavirus als Thema. Zwou Stéck beschäftege sech zum Beispill mat de Coursen, respektiv de Prüfungen an de Lycéeën. An Enger vun hinne gëtt gefuerdert, dass d'Coursen an de Lycéeën eréischt um 10 Auer moies ufänke sollen. Iwwerdeems fuerdert en anere Petitionär, dass d'Prüfungen an de Lycéeën ofgeschaaft an duerch Projeten déi vun de Schüler ausgeschafft ginn, ersat solle ginn.

Lauschtert hei de Reportage!

Aner Petitioune fuerderen dann d'Schafe vun diversen ëffentlechen Ariichtungen. Esou verlaangt ee Petitionär, dass nieft dem "Centre de Maternité" zu Stroossen e sougenannten "Centre social matriarchal" entstoe soll. An Dësem solle schwanger Fraen, respektiv Koppelen déi e Kand erwaarde mateneen iwwert d' Theme Schwangerschaft, Gebuert a Kannererzéiung diskutéiere kënnen. Ausserdeem sollen si sech vun Experten zu dësen Theme kënne berode loossen.

Eng aner Petitioun fuerdert dann, dass de Staat der Croix Rouge d'Biirtrenger Schlass oder en anert Gebai ofkafe soll. An dësem Gebai sollen dann en Erhuelungs-Heem fir elengerzéiend Elteren, gënschteg Wunnenge fir Famille mat nëmmen engem Elterendeel an eng Crèche mat enger Maison Relais, geschaaft ginn.

Eng weider Petitioun fuerdert, dass keng Lëtzebuerger Notzdéieren a Schluechthaiser, déi net vun der EU zertifiéiert goufen, solle geschluecht ginn.

En anere Petitionär fuerdert dann, dass zousätzlech Elementer fir de Verkéier ze entschleunegen an den 30er-Zonen installéiert solle ginn. Dëst fir sécher ze stellen, dass d'Chaufferen sech hei och un d'Vitesslimitt halen.

An enger anerer Petitioun gëtt da gefuerdert, dass déi ONGen déi sech fir d'Ënnerstëtzung vun de Flüchtlingen déi iwwert d'Mëttelmier an Europa reesen, hir Zouloossung entzu solle kréien an opgeléist solle ginn.

Ausserdeem fuerdert eng Petitioun, dass Lëtzebuerg d'Annexioun vun der Krim duerch Russland unerkenne soll.

E weidere Petitionär fuerdert dann, de Récktrëtt vun der Regierung.

Sou kritesch Téin ginn awer net ëmmer ugeschloen. Eng aner Petitioun fuerdert nämlech einfach just, dass all Stot hei am Land fir Nationalfeierdag e gratis Lëtzebuerger Fändel kréie soll.