© Unsplash
Wann d’Work-Life-Balance net stëmmt, kann dat eescht Konsequenze mat sech zéien.
Opgrond vu Stress an enger schlechter work-life-balance kënnt et dacks zu kierperlechen a mentale Problemer. Bei eis schwätzt een dann och gäre vum Burn Out Syndrom, en extremen Zoustand, deen eis gesondheetlech beanträchtegt an duerch d’Aarbecht ausgeléist gëtt. E ganz extreemt Beispill dofir ass d’Aarbechtskultur a Japan. Hei gëtt et souguer en extrae Begrëff fir den "Doud duerch d’Iwwerschaffen": Karoshi.
Dëst beschreift Doudesfäll, déi onmëttelbar mat der Aarbecht zesummenhänken. Wien elo mengt, et handelt sech häibei ëm Aarbechtsaccidenter, deen iert. Vill méi schwätzt ee bei Karoshi vun engem stressbedéngten Hiereschlag, Häerzinfarkt oder och engem Suicide.
Ausléiser vun dëse Stierffäll si laang Aarbechtszäiten, Iwwerstonnen, permanenten Zäitdrock, Iwwerfuerderung, ma och e schlecht Aarbechtsklima a Mobbing steigeren de Risiko.
Virun allem a Japan ass dëse Phänomen bekannt. Hei ginn et mëttlerweil souguer ronn 40 Klinicken, déi just op Karoshi-gefärdet Patiente spezialiséiert sinn an déi si meeschtens ausgebucht. Fazit zu Karoshi a Japan: d’Tendenz klëmmt.
Hei bei eis ass de Risiko duerch méi streng gereegelt Aarbechtszäiten an Gewerkschafte méi geréng, ma trotzdeem gëllt et opzepassen, dass sech net krank geschafft gëtt. Och a Japan géif d’Bewosstsinn no an no wuessen, ma de Problem wär mëttlerweil schonn ze déif verwuerzelt an der japanescher Aarbechtskultur. Hei gleeft een dorun dass d’Wirtschaft just da stabil bleiwe ka wa jiddereen haart a laang schafft. Falls et do keen Ëmdenke gëtt, ass och en Enn vu Karoshi net a Siicht.