D'Pandemie duerch de Coronavirus begleet eis elo schonn iwwert ee Joer. Och Fuerscher beschäftege sech domat wéi et awer no der Pandemie ausgesäit.

Wéi d'Zukunft ausgesäit weess eigentlech keen. Ma awer froe mer eis dat ëmmer nees. Sougenannten Zukunftsfuerscher setzen sech all Dag mat méiglechen Zenarien auserneen. Dat och am Kader vun der Pandemie.

Kann een d'Zukunft viraussoen? Villäicht, villäicht och net. Ma et kann een awer opgrond vun der haiteger Gesellschaft, a mat der Hëllef vun der Soziologie eng Form vu Viraussoe maache fir d'Zukunft, déi warscheinlech kéinten antrieden. An dat och natierlech wann et drëms geet ze soen, wéi eis Welt wuel Post-Corona ausgesäit. Mee wéi gesinn dës aus? A wéi vill esou Zenarie ginn et?
Engem Zukunftsfuerscher no, wiere 4 verschidden Zenarien am warscheinlechsten fir d'Zäit no der Pandemie:

Lauschtert hei eran!

1. Déi total Isolatioun
Hei géif de Lockdown zur Normalitéit gi fir eis.

2. De System-Crash
Bei dësem Zenario internationalen Zesummenhalt tëscht de Länner geet ënner.

3. Neo-Tribes
Eng Form vu klenge Mikro-Gesellschafte forméiert sech, respektiv lokal Strukture gi fir déi verschidde Sociétéite weltwäit ëmmer méi wichteg.

4. Adaptatioun
Mer gi gestäerkt aus der Kris an hunn eng nei Flexibilitéit kritt fir mat schwierege Situatiounen ëmzegoen

Et sief awer direkt gesot: et ass onwarscheinlech, dass just een eenzege vun dëse Fäll antrëtt. Vill méi wäert et wuel zu enger Mëschung mat verschiddenen Elementer aus den Zenarie kommen. Esou Zukunftszenarie géingen och virun allem opgestallt ginn fir eis eng Richtung ze ginn, wouhi mer eis entwéckelen. Oder wouhi mer eis net entwéckele sollten.
Esou wier zum Beispill eng méiglech positiv Entwécklung, dass sech eis Konsumgesellschaft nohalteg verännert. Virun allem läit et awer an eiser Hand, wéi eis Zukunft soll ausgesi. Well mer et sinn, déi dës gestalten.