Homeoffice bedeit och emol an engem méi relaxe Kader schaffe wéi um Büro. Ma et sollt een awer probéieren, besser net am Bett ze schaffen.

Et ginn direkt eng ganz Partie gutt Grënn, wisou ee besser net am Bett schafft, wann een am Homeoffice ass!

1. Schlecht fir d'Haltung!
Wa mer am Bett setzen a schaffen, di mer eisem Kierper kee Gefalen. Dacks, wann een am Bett sëtzt, huet een d'Tendenz sech no fir gebéckt ze halen, a virun allem de Kapp no fir ze halen. Dat ass awer immens schiedlech well: d'Genéck an d'Wirbelsail leiden enorm wann de Kapp vill no fir gebéckt bleift. Wat de Kapp méi no fir fält, wat en och méi schwéier gëtt. Dofir ass eng richteg Haltung enorm wichteg, déi mer awer dacks net hunn, wa mer am Bett schaffen. Duerch esou eng falsch Haltung kréie mer d'Genéck wéi, Kappwéi, Problemer mat den Ae, mam Kucken a souguer mam Gläichgewiicht!

Lauschtert hei eran!

2. Mer brauche Privatsphär!
Et ass enorm wichteg fir eis, eng Privatsphär ze hunn. Eng Plaz, déi nëmmen eis gehéiert, a wou mer ofschalte kënnen. Ma wann der am Homeoffice schafft, ass dat souwisou scho méi schwéier. Wann een dann awer nach am Bett schafft, gëtt et do guer keng Trennung méi. Wann een op der nämmlechter Plaz E-Mailen beäntwert a Meetinge mécht, op der mer soss entspanen a schlofen, kënnt eise Kapp net méi no. Doduerch kann een dann och Problemer kréie fir anzeschlofen.

3. Ready, set, action!
Ee weidere Problem wa mer am Bett schaffen: Beweegung. Well wierklech beweegen di mer eis net. Scho guer net, wann een direkt nom opstoen nom Laptop gräift. Dobäi wësse mer dach alleguer, wéi wichteg et ass dass mer eis beweegen. Natierlech ass et am Bett herrlech gemittlech. Dat ass jo och den Haaptgrond wisou mer am Bett schaffen. Ma mer hunn awer besser net stonnelaang an der nämmlechter Positioun ze hocken, a mindestens all zwou Stonnen emol opzestoen an eis fir e puer Minuten ze beweegen. Doduerch gëtt eis Wirbelsail gestreckt, an och eise Kapp muss mol nees eng aner Haltung anhuelen.