© pexels.com
Genuch drénken ass wichteg! Ma mueres fréi direkt soll nach vill méi wichteg sinn, wann een dës al japanesch Method kuckt:
De Mënsch brauch Waasser fir ze liewen. Tëscht 2 bis 3 Liter sollen et den Dag ongeféiert sinn. Ma wann een de Japaner gleeft, ass et net nëmme wichteg Waasser ze drénken, mee och wéini een et drénkt!
Et héiert a liest een ëmmer nees vu Kueren, déi eisem Kierper gutt doe sollen. Do brauch een da lauter speziell Saachen oder Liewensmëttel, an et muss een och nach op aner Saache verzichten. Ma bei der japanescher Waasserkuer ass dat awer net esou! Heifir brauch der just mueres nom opstoen Waasser! Soubal ee sech aus dem Bett gekämpft huet, soll een deemno 640 Milliliter Waasser drénken. Dat entsprécht ongeféier 4 Glieser Waasser.
Wann Iech dat ze vill ass direkt am Ufank, da schafft iech no an no op déi 4 Glieser hin. Fänkt dann mat engem oder zwee Glieser un, a probéiert déi Deeg duerno op 4 Glieser ze kommen. Wichteg ass et, dass der als éischt d'Waasser drénkt, an dann och 45 Minutte waart ier der eppes iesst! Duerno kënnt der da wéi gewinnt Mueres iessen. Nodeems der den Dag iwwer giess hutt, sollt der och fir zwou Stonnen no ärer Moolzecht all Kéiers näischt iessen oder drénken. Besser ass et dann och wotlecht Waasser ze drénke wéi kaalt. Dat schount de Mo, well dëse bei kalem Waasser méi schwéier schaffe muss.
A wat bréngt esou eng Waasserkuer? Ma se soll Leit, déi mat héijem Bluttdrock, Gastritten, Verstopfungen oder Moproblemer ze kämpfen hunn, hëllefen. Ausserdeem géif ee sech allgemeng méi fit fillen, d'Hautbild verbessert sech, et huet ee manner Iess-Attacken, an de Stoffwiessel gëtt doduerch a Schwong bruecht. A souguer wann net alles dovu geschitt, hutt der op mannst schonn een Deel vun ärem deegleche Besoin u Waasser direkt nom opstoe gedeckt!