Den Analyste vun zwou groussen Investmentbanken no, wäerten d'Mënschen an den USA, Australien an an Deeler vun Europa bis 2050 keng Zigarette méi fëmmen.

Op d'mannst 90 kriibserreegend Stoffer goufe bis ewell am Zigarettendamp nogewisen. D'Fëmmen ass deementspriechend dann och de wichtegste vermeidbare Risikofacteur fir d'Entstehung vu Kriibs.

Esou lues schéngt dës Neiegkeet sech ronderëm ze schwätzen. Zënter dem Joer 2000 ass d'Zuel vun de weltwäite Fëmmerten ëm ronn 60 Millioune gefall. D’Zuel vun de Mannerjäregen déi fëmmen ass iwwerdeems an de leschten 20 Joer ëm bal 75 Prozent gefall.

Ma wann déi aktuell Entwécklung esou weider geet, soll et bis 2050 guer keng Fëmmerte méi ginn. Op jiddwerfalls net méi an den USA, Australien an an Deeler vun Europa. Zu dëser Konklusioun sinn Analyste vun zwou groussen amerikaneschen Investmentbanke komm.

Mat dëser Aschätzung stinn si allerdéngs net eleng do. Och verschidde grouss Tubakskonzerner schéngen sech dëser Entwécklung bewosst ze sinn. De weltwäit gréissten Tubakskonzern hat schonn d’lescht Summer ugedeit, dass en de Verkaf vun de klasseschen Zigarette mëttelfristeg komplett astelle kéint. Wéi de President vun der Firma matgedeelt huet, wier et duerchaus méiglech, dass een an 10 bis 15 Joer guer keng Zigarette méi verkafe géif.

Dat soll allerdéngs net bedeiten, dass dës Konzerner an Zukunft net méi existéiere wäerten. Villméi, probéiere si hire Clienten Alternativen zu der klassescher Zigarett ze verkafen. Dës sinn zum Beispill E-Zigaretten oder Knätsche mat Nikotin dran.

De gréissten Tubakskonzern op der Welt schafft eegenen Aussoen no schonn dorun, dass seng 40 Millioune Clientë bis 2025 op eng vun de verschiddenen Alternativen zu der Zigarett ëmklammen.

Och wann d’Fëmme verschwënnt wäert de Konsum vum Nikotin eis also trotzdeem nach eng Zäit erhale bleiwen.

Lauschtert hei de Reportage!