© Unsplash
Den Image vum Gamer huet sech an de leschte Joren komplett verännert. De Sprong vum Kannerzëmmer an e Stadion ass haut net ganz seelen...
Ass een e Gamer, gouf een an der Vergaangenheet vun anere Leit éischter domm ugekuckt. Net sozial, ongefleegt, verstoppt an iergendengem Keller - Dat war de Clichéë.
Déi Meenung huet sech an de leschte Joren awer komplett geännert. Erfollegräich Gamer ginn a verschiddene Länner wéi Superstars behandelt an hunn Milliounen um Kont - Well E-Sport boomt.
Videospiller an Gaming Allgemeng si mëttlerweil am Mainstream ukomm a sinn fest an der Popkultur verankert. Virun allem wärend der Corona-Pandemie huet déi ganz Industrie en immensen Opschwong erlieft. Lescht Joer goufen nämlech eleng duerch E-Sport op der ganzer Welt ronn 1 Milliard Dollar ëmgesat. 500 Millioune Leit weltwäit hunn sech déi verschidden Turnéieren, déi quasi just via Stream organiséiert goufen, ugekuckt. Dorënner 30% Fraen.
An net just fir d‘Spectateuren gëtt E-Sport ëmmer méi interessant, och fir d’Gamer selwer. Wien gutt genuch ass, kann sech mat Zocken säi Liewensënnerhalt verdéngen, sief et duerch Streaming op Twitch oder einfach duerch Turnéieren. Wéi bei anere Sportaarten och sprangen mëttlerweil nämlech vill renoméiert Entreprisen op den Zuch op an investéieren. Vu Sponsoring an Reklammen bis hin zu Merchandise a Streaming ass alles mat dobäi.
Eleng an den USA goufen lescht Joer 160 Milliounen Dollar Präisgeld verschenkt. De Gamer, dee bis haut am meeschte verdéngt huet ass iwwregens de 27 Joer jonke Johan N0Tail Sundstein aus Dänemark. An den 127 Dota-Turnéieren an deenen hien bis ewell matgespillt huet, konnt hien 7 Milliounen Dollar gewannen.
An dass E-Sport boomt, mierkt een och zu Lëtzebuerg. Och hei am Land ginn ëmmer méi Turnéieren organiséiert, déi vu lokalen Entreprisen gesponsert ginn. An d'Experten sinn sech eens, d'E-Sport Industrie ass eréischt am Ufank.