© pixabay.com
Et ass villäicht e bëssen oldschool an der Zäit vun Tablets, Smartphones a co. Mee: De Bic an de Bloc sollen déi beschten Hëllef si fir eppes ze verhalen!
Wéi gesäit et bei Iech aus? Muss der ee Bloc an ee Bic am Grapp hunn fir eppes ze verhalen oder Notizen ze huelen? Oder sidd der awer léiwer "Paperless" ënnerwee? Villäicht ass et heiansdo awer derwäert deen ale Bloc eraus ze huelen.
Ëmmer méi Leit huelen hir Notize just nach digital. An de Virliesungen op der Uni zum Beispill. Do ass wuel dat typeschst Geräisch wann honnerte Studente gläichzäiteg op hirer Tastatur lassleeën fir nëmmen all Wuert vum Proff mat ze tippen.
Ma Fuerscher hu sech do emol genee ugekuckt, wéi vill dovun hänke bleift. A Gehierer gescannt, wärenddeem Notte geholl goufen. A soubal dat an digitaler Form gemaach gouf, egal ob getippt oder mat engem Bic fir den Tablett, huet d'Gehier vill manner geschafft.
De Grond heifir ass ee Phänomen dat sech "Imaginär Visualiséierung" nennt. Wa mer um Pabeier schreiwen, ass d'Aktivitéit vun eisem Gehier nämlech vill méi héich. Dat well et nieft dem visuellen Aspekt och eng raimlech an "haptesch" Bestätegung kritt. Ganz einfach gesot: Pabeier fille mer, gesi mer, a mer richen et souguer. A mer Mënsche brauchen eis verschidde Sënner fir eis an der Welt erëmzefannen. A genee esou ass et dann och beim Léieren: wat eist Gehier méi stimuléiert gëtt, wat och méi hänke bleift.
Kloer wëlle mer awer och de Konsum u Pabeier reduzéieren. Ma et schwätzt awer näischt dogéint Passagen, déi besonnesch wichteg sinn, oder schwéier ze verhale sinn, einfach emol op Pabeier ze schreiwen.