Mënsche kënne viru ganz ville Saachen Angscht hunn. Ma Leit déi Erythrophobie hunn, hunn et do effektiv immens schwéier! Mee wat ass dat dann?

Mir ginn alleguer heiansdo emol rout. Dat kann da ganz verschidden Ursaachen hunn. Heiansdo si mer rosen, et ass eis eppes penibel, oder et ass wéinst enger Persoun déi mer villäicht besonnesch gutt fannen. Dat kënnt doduerch, dass eis d'Gehier Hormoner verschéckt, eise Bluttdrock klëmmt an eis Bluttgefäässer ënnert der Haut sech erweideren.

Lauschtert hei eran!

Ma et ginn awer och Leit déi ganz besonnesch liicht rout ginn. Heiansdo geet et do duer nëmme mat der Persoun ze schwätzen. Well mer et selwer sinn, déi d'Rout gi verursaachen, schwätzt een dann och vun "Erythrophobie". Dat ass nämlech d'Angscht virum "rout ginn". De Problem hei: wa mer schonn denken: "Oh nee, elo nëmmen net rout ginn", ass et schonn ze spéit.

Ee grousse Problem si mer also selwer bei der Erythrophobie. Well mer et als penibel empfanne rout ze ginn. Dat well mer mengen, déi aner géingen eis doduerch jugéieren. Oder an der Vergaangenheet negativ Erfarunge gemaach hunn.

Et kann ee sech hëllefen, mat Otemtechniken zum Beispill. Och ze léieren näischt op Kommentarer ze ginn ass eng grouss Hëllef. Ee bessert Selbstvertrauen ass och eng grouss Hëllef. Wat der méi souverän mam rout ginn ëmgitt, wat et no an no och manner virkënnt.