Hätt der geduecht, dass sech Museker och emol u Bicher inspiréieren fir hir Lidder ze schreiwen? Bei deene Lidder ass et mol virkomm:

"Young and Beautiful" vum Lana Del Rey

Beim Lana Del Rey sengem Song "Young and Beautiful" war d'Buch "The Great Gatsby" d'Inspiratioun. Dëst zielt d'Geschicht vum Jay Gatsby duerch d'Ae vum Nick Carraway. Ma dem Lana säi Lidd ass awer aus dem Daisy Buchanan senger Siicht erzielt. Eng éischter ongewéinlech Approche, déi awer ee wonnerbaart Lidd produzéiert huet fir de Soundtrack vum Buz Luhrmann sengem Film "The Great Gatsby".

Lauschtert hei eran!

"Yellow Flicker Beat" vum Lorde

Och wann "Yellow Flicker Beat" vum Lorde  effektiv fir de Soundtrack vum "Mockingjay Part 1"-Film produzéiert gouf, huet sech d'Lorde och op d'Buch "Mockingjay" baséiert. D'Lorde huet hei seng Versioun dovu presentéiert wéi et am Katniss sengem Kapp wuel ausgesinn huet an dem heiten Deel vun der Buchrei.

"King Kunta" vum Kendrick Lamar

Wie seet, dass och Rapper sech net op Bicher kënne baséieren? A sengem Titel "King Kunta" rappt de Kendrick Lamar d'Zeilt "The yam is the power that be, you can smell it when I'm walking down the street." Am Buch "Things Fall Apart" vum Chinu Achebe gëtt d'Umuofia Kommunitéit portraitéiert. An dëser ass et een Zeechen vu Maskulinitéit a Kraaft wann ee "Yams" ka vum Feld eran huelen.

Montero (Call Me By Your Name) vum Lil Nas X

Déi nei SIngle vum Lil Nas X, a virun allem de Video dozou hu fir vill Diskussioune gesuergt. Ma net vill anescht war et beim Roman "Call Me By Your Name" vum André Aciman. An dësem Buch gëtt d'Geschicht vum Elio an dem Oliver gezielt. An hirer Léift. Dat an Italien an den 80er Joren. De Lil Nas X huet dës Single och sengem 14 Joer alen Ech souzesoe gewidmet. An en hofft, dass dës Single d'Diere fir vill aner queer Leit opmécht fir einfach just z'existéieren.