Nom Erfolleg mat "Schëdden" an engem ganz schwéiere Joer ass den DJ Nosi elo zeréck mat neier Musek. De Chris hat hien am Eldo-Interview!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

De 7. Februar 2020 krut den DJ Nosi d’Diagnos Kriibs. No iwwert engem Joer haardem Kampf huet hien d’Krankheet iwwerstanen an ass elo zeréck mat “Marrakesch”.

“Et gesäit ee vill Saachen anescht an et appreciéiert ee vill kleng Momenter vill méi. An et ass einfach wonnerbar elo direkt mat neier Musek ze starten!”

Den DJ Nosi iwwert d'Gefill zeréck ze sinn!

Deen neie Song ass zesumme mam Turnup Tun entstanen. Wärend déi Zwee den orientalesch ugehauchte Beat am Studio produzéiert hunn, huet den Nosi sech u seng Marrakesch-Rees vu virun e puer Joer erënnert a fonnt, datt de Vibe gutt bei d’Stad passe géif.

RTL

Cover Marrakesch / © Cecilia Said Vieira

“Dunn hu mir einfach Wuertspiller gesicht. Marrakesch – Esch – Cash. Dat sinn einfach lauter esou Wuertspiller hannerteneen an dunn huet dat gutt gepasst.”

Dn DJ Nosi iwwert d'Hook!

Generell kann ee soen, datt beim DJ Nosi Villes a Kollaboratioun mat Anere geschitt. Am Ufank steet e ganz einfache Beat, deen dann zesumme mam Tun lues a lues no senge Virstellunge fäerdeggestallt gëtt. Genee esou ginn och d’Texter bal ëmmer a gemeinsame Sessions geschriwwen.

RTL

DJ Nosi / © Eldoradio

“Mir schreiwen u sech säi Part bal zesummen a mäi Part bal zesummen. Dat heescht do kommen d’Iddie beieneen an da kucke mir wat am Beschte bei déi jeeweileg Deeler vum Lidd passt.”

Dn DJ Nosi iwwert de Songwriting!

Nieft senger Rapper-Karriär steet den DJ Nosi och gären hannert dem Mëschpult. Och wann hien dat natierlech vermësst, läit säi Fokus aktuell komplett op der Produktioun vun neier Musek. Déi nei Single “Marrakesch” ass op allefalls elo dobaussen!