Den Thomas Roland huet Schoulmeeschter studéiert a schafft och haaptberufflech am Enseignement. Hie gëtt awer och ëmmer méi als Museker bekannt.

Lauschtert hei de Reportage

Den Thomas Roland mécht säit engem Joer Musek ënnert sengem Kënschtlernumm „Maale Gars“. Virdru war hie Sänger vun der Rockband Epicure. Mat sengem Soloprojet geet hien elo an eng aner Richtung a mécht eng Mëschung aus Rap a Pop mat Texter op Lëtzebuergesch. Dat ass och de Fall op senger aktueller Single „Alles versicht“. Seng Texter baséieren op perséinlechen Erfarungen an handelen, sou wéi "Alles versicht", gréisstendeels vu Bezéiungen.

Fir d'Zukunft wëllt de Museker vrun allem op Concerte setzen. Bühnenerfahrung huet hie schonn, aus der Zäit mat der Band Epicure. Wéini hie mam Soloprojet „Maale Gars“ kann op enger Bün stoen, weess hien net, secher ass awer schonn, dass vill Special Guests wäerte mat dobäi sinn.

Virdru bréngt de Maale Gars en neien Album eraus- mam Titel „Du weess“. De Male Gars fokusséiert sech hei op kee bestëmmte Museksstil, mee wiem d'Single „Alles versicht“ gefält, dierft och nach aner Lidder um Album gutt fannen, seet hien. Hien huet um Album och mat ville verschiddene Kënschtler zesumme geschafft an och an Zukunft setzt de Maale Gars vrun allem op Kollaboratiounen.