All 7 Joer solle mer eis erneieren. Ass dat just ee Mythos oder start wierklech no 7 Joer nees een neit Kapitel?

Wat scho mol fest steet: d'Ziffer 7 ass definitiv eppes besonnesches fir eis Mënschen. Et gi 7 Wochendeeg, 7 Weltwonner oder och 7 Zwergen. An och an alle Kulturen a Reliounen kënnt d'7 ëmmer nees fir. Mee ass et effektiv esou, dass sech all 7 Joer eist Liewe komplett ännert? Dass et eist Schicksal ass géint dat mer näischt maache kënnen? Et gi jiddefalls Leit déi dat behaapten.

RTL

© pixabay.com

Wat ee festhale kann, schonn d'Griichesch Philosophen hu festgestallt, dass een eist Liewen an ee "7 Joer"-Zyklus andeele kann. Wa mer 7 Joer al sinn, hu mer sou lues all eis Mëllechzänn verluer. Mat ongeféier 14 Joer si mer dann an der Pubertéit. Da mat 21 Joer gëlle mer als definitiv ausgewuess. Bei deene meeschte Leit kënnt dann an der Tranche vun 28 bis 35 de Moment, an deene se eng Famill wëlle grënnen a sou weider.

Och den Zellbiolog Jonas Frisen vum renomméierten Karolinska-Institut vu Stockholm huet sech domat ausernee gesat. Hie selwer seet, dass een dat Ganzt net esou absolut dierf gesinn. Effektiv géing et zwar stëmmen, dass gewësse Kierperdeeler an Organer sech effektiv am Laf vun ongeféier 7 Joer géingen ersetzen. Dat wier duerch d'Erneierung vun eisen Zellen. Mee net all Kierperdeel, brauch dofir 7 Joer bei jidderengem. Ausserdeem géing dës Erneierung och mam Alter ëmmer weider ofhuelen. An een Organ, dat sech zum Beispill ni géing komplett erneieren: eist Häerz. Egal wéi al mer ginn, gëtt dëst wichtegt Organ ni ganz erneiert.

Lauschtert hei eran!