Nach een Artikel doriwwer wéi sech näischt geännert huet an dass Lootboxes grondsätzlech Glécksspill sinn? Well yes... but actually no!

Zënter ee puer Joer ginn digital Lootboxes an hir potenziell Risike bei Kanner a Jugendlechen reegelméisseg vu Regierungen ënnersicht a verschidde Länner hunn zënterhier effektiv Mesure geholl. Esou sinn hei an der EU an der Belsch an an Holland Lootboxes komplett gebanned. Eng aner Approche gouf awer elo Däitschland ugeholl. De Bundestag huet nämlech virun ee puer Wochen ee neit Jugendschutzgesetz accordéiert, mat deem ënnert anerem Lootboxes solle reguléiert ginn.

Spiller mat Lootboxen sollen nieft der Alters-Bewertung eng weider Klassifikatioun kréien déi “Kostenfalle” genannt soll ginn. Esou solle Konsumente virum Kaf vu Spiller wéi FIFA oder Fortnite informéiert gin,n dass dës Spiller an extreeme Fäll zu Käschtefalle kënne ginn.

“Kostenfalle” schéngt op mech wéi ee perfekten Term wann een sech d'Unzuel vun de Geschichte ukuckt, déi ee liest wou Kanner d’Kreditkaarte vun den anungslosen Eltere geholl hu fir Lootboxes ze kafen.

Et ass eng éischt manner extreem Approche fir Monetisation Praktiken a Videospiller. Et bleift ofzewaarden, ob ähnlech Reegelungen sech an anere Regiounen duerchsetze wäerten a sumols ob et en Afloss op d’Spiller huet déi iwwert dat nächst Jorzéngt erauskommen.