© YouTube Screenshot
We live in a society...
Den Justice League Film vun 2017 gehéiert fir mech an eng Kategorie déi ech mat vill Affektioun “Hot Trash” nennen. Filmer déi op eng speziell Aart a Weis esou schlecht sinn dass ech awer Spass um Film hunn, meeschtens well se mech zum Laache brengen. Mat enger knapps kohärenter Story, schlechten Dialoger voll mat Cringe an Action-zeenen déi ee Film Student wahrscheinlech besser dirigéiert hätt, war Justice League 2017 ee Flop ënnert Kritiker a Fans gleichermoossen.
DC Fans hunn de Mësserfolleg vum Film haaptsächlech doranner gesinn, dass de Zack Snyder sei Posten als Regisseur un den Joss Whedon, de Regisseur vum éischten Avenger’s Film, ofginn huet nodeems dem Snyder sei Meedche verstuerwen ass. Doropshinn sinn Hashtags wéi #ReleasetheSnyderCut op soziale Medien zirkuléiert a no 4 Joer ass elo effektiv eng nei Versioun vum Justice League erauskomm deen de Ruff vum Film rette sollt.
A fir et direkt ze soen: De Snyder Cut vun Justice League ass an allen Hinsichte besser wéi den Original. D’Story ergëtt vill méi Sënn, Charaktere wéi de Cyborg an de Flash hunn endlech eng Hannergrond Geschicht an de Film huet ee puer zimlech gutt Action-Zeenen déi mech éierlech gesot iwwerascht hunn. Mat enger bal ongleewlecher Lafzäit vu 4 Stonnen huet de Film och vill méi Niewecharakteren a -stories déi d’DC Universum méi oder manner sënnvoll erweideren.
Ok, de Snyder Cut ass ee bessere Film, mee ass et och en gudde Film?
Fir mech ass d’Äntwert en definitive Jein. De Snyder Cut ass ganzer 4 Stonne laang a net all Stonn ass hei vun der selwechter Qualitéit.
Déi éischt Stonn vum Film ass mat Ofstand de luesten a schlechtesten Deel. Grondsätzlech identesch zum Original a vill Zeenen déi nemmen onnéideg an d’Längt gezu ginn. Mee no der 1. Stonn zitt der Film fir mech massiv un well do d’Ennerscheeder kommen. Méi Kontext, méi Action a vill méi Setup fir Sequels déi héchstwarscheinlech ni komme wäerten. Aner Schwächte vum Original wéi fragwürdeg Dialoger oder Charaktere wéi d’Lois Lane déi knapps néideg sinn ploen och de Snyder Cut, mee elo sinn endlech gutt Deeler do fir se ze kompenséieren.
Zack Snyder’s Justice League ass definitiv ee bessere Film deen den Avantage vun extra Budget a Nosiicht huet mee et ass awer nach emmer net de monumentale Blockbuster wéi munch Fans et elo gesinn. Wann der also 4 Stonnen Zäit hutt, dem DC Universum eng 2. Chance wëllt ginn an iwwert e puer Schwäechten hei an do kënnt ewech gesinn, dann ass de Snyder Cut kee schlechten Zäitverdreif.