© YouTube Screenshot
Um Beispill vum Taylor Swift kucke mir am Behind The Songs ob et selbstverständlech ass dass Artisten d'Rechter iwwer hir eege Musek besëtzen...
D’Taylor Swift huet eng laang Zäit misse fir d’Rechter vu senger Musek kämpfen. Elo dierf hatt all Album, deen him net méi gehéiert, frësch ophuelen. Dëse Mount ass also seng nei Versioun vum 2008 Album "Fearless" erauskomm. Dobäi och nach 6 Lidder déi nach ni erausbruecht goufen. D’Sängerin hat scho virun e puer Wochen déi nei Versioun vu "Love Story" verëffentlecht.
Et war jo e grousse Skandal ausgebrach wéi de Talentmanager Scooter Braun de Label "Big Machine Records" opkaf hat an domat d’Rechter vum Swift senge 6 éischten Alben. Hien huet d’Rechter dunn verkaf an d’Sängerin konnt seng Masteren net zeréckkafen.
Wat si Masteren an ass et normal dass d’Museker d’Rechter op hir Masteren net hunn? E Master verkierpert u sech d‘Rechter vun engem Lidd. Et handelt sech ëm déi original Versioun vun engem Song: eng CD oder e Stream ass also eng Kopie vum Master. Dacks sinn d’Masteren am Besëtz vum Label an net vum Museker selwer.
Artiste wéi den Jay Z, d’Rihanna an U2 hunn Schrëtter ënnerholl fir hir Musek ënnert hirer Kontroll ze behalen. Och den Chance The Rapper huet refuséiert beim Kanye West sengem Label z’ënnerschreiwe well hie seng Onofhängegkeet behale wollt. De Prince hat 2015 esou guer gesot dass Plackekontrakter eng Aart Sklaverei wieren. Glécklecherweis hu rezent ëmmer méi Artisten Drock gemaach fir d’Kontroll iwwer hir eege Musek ze kréien.