© Statec
D'Pandemie hat virun allem en Afloss op d'Verkeef vun den Appartementer, déi nach an der Konstruktioun waren.
Am leschten Trimester 2020 waren d'Logementspräisser zu Lëtzebuerg an der Moyenne ëm 16,7 Prozent méi héich ewéi am leschten Trimester 2019. Dobäi sinn d'Präisser vun den Appartementer, déi scho gebaut sinn, bannent engem Joer ëm 15,8 Prozent geklommen. Déi vun den Appartementer an der Konstruktioun ëm 14,4. Bei de fäerdeg gebauten Haiser war et esouguer eng Hausse vu 19,7 Prozent.
D'Präisser gi virun allem duerch 3 Facteure bestëmmt
D'Präisser vun den Appartementer gi virun allem duerch 3 Facteure bestëmmt. En Appartement, dat grad gebaut gëtt, ass am Schnëtt 15 bis 20 Prozent méi deier, ewéi eent vun enger vergläichbarer Gréisst, dat scho gebaut ass. D'Gréisst huet dann och en Afloss op de Verkafspräis. Wat d'Appartement méi grouss ass, wat de Metercarré Wunnfläch manner kascht. Schliisslech huet och d'Lag vum Appartement en Afloss op dësem säi Präis. Esou ginn d'Appartementer méi deier, wat se méi no bei der Stad leien.
© Statec
D'Zuele vum Statec ënnermaueren dës Feststellungen. Esou kascht de Metercarré vun engem Appartement, mat enger Wunnfläch vun ënner 50 Metercarré, dat gebaut gëtt, an der Moyenne ronn 10.000 €. Bei Engem dat scho gebaut ass, kascht de Metercarré dogéint 8.760 €. Bei engem Appartement vun iwwer 130 Metercarré ginn dës Zuelen däitlech erof a leien nëmmen nach bei ronn 7.100, respektiv 5.700 €. Schliisslech kascht de Metercarré vun engem fäerdegen Appartement, dat am Kanton Lëtzebuerg steet an der Moyenne 9.636 €. Am Nord läit dëse Präis bei ronn 5.000 €.
© Statec
Och bei den Haiser, huet d'Lag e wichtegen Afloss op d'Verkafspräisser. Esou kascht en Haus am Kanton Lëtzebuerg am Schnëtt 1.350.000 €. Am Norde vum Land ass en Haus an der Moyenne nëmmen hallef esou deier.
© Statec
D'Pandemie hat e limitéierten Impakt op d'Verkeef vun den Haiser an Appartementer
Schliisslech hat d'Pandemie vum Coronavirus nëmmen e geréngen Afloss op de Marché vun de Logementer. Esou goufen zejoert nëmme 6,3 Prozent manner Logementer verkaf ewéi nach 2019. Dass zejoert manner Logementer ewéi nach 2019 verkaf goufen, huet virun allem mam Confinement wärend dem 2. Trimester vum Joer ze dinn. Wärend dësem Zäitraum goufen däitlech manner Logementer verkaf ewéi nach am selwechten Zäitraum 2019. Am 3. an am 4. Trimester 2020 ass d'Aktivitéit um Wunnengsmaart allerdéngs nees staark geklommen. Esou goufen am 4. Trimester zejoert 2.203 Appartementer verkaf. Dat sinn der 12,9 Prozent méi ewéi nach am leschten Trimester 2019.
Zejoert goufen allerdéngs däitlech manner Appartementer an der Konstruktioun, ewéi nach 2019 verkaf. D'Zuel vun de Verkeef vun dësen Appartementer ass ëm 9,5 Prozent gefall. Da huet dem Statec no virun allem domadder ze dinn, dass et wéinst dem Confinement zu Retarde bei de Bauaarbechte komm ass. Dogéint ass d'Zuel vun de fäerdeg gebauten Appartementer, déi zejoert verkaf goufen, géigeniwwer 2019 ëm 3,9 Prozent gefall.
De Marché vun den Haiser war iwwerdeems manner vun der Pandemie betraff. Esou goufen op dat ganzt Joer 2020 gekuckt 1,4 Prozent méi Haiser, ewéi nach 2019, verkaf. Allerdéngs louch d'Zuel vun de Venten och hei am 2. an am 3. Trimester ënnert där vun 2019. Am véierten Trimester zejoert war d'Zuel vun den Haiser déi verkaf goufen allerdéngs ëm 9,4 Prozent méi héich ewéi am leschten Trimester 2019.
De Statec kënnt dann och zu der Konklusioun, dass de Marché vun de Logementer der sanitärer Kris besonnesch gutt widderstanen hätt. nëmme bei de Logementer an der Konstruktioun gouf et zejoert géigeniwwer 2019 eng däitlech Baisse vun de Verkeef. Bei de fäerdeg gebaute Logementer louch d'Zuel vun de Verkeef dogéint op engem änlechen Niveau ewéi 2019.