© pexels.com
Wann een d'Flirten an d'Networken eemol eenzel kuckt mierkt ee séier, dass et bei béiden ëm dat selwecht geet: Leit kenneléieren déi änlech denken wéi mer!
1. An d'Ae kucken an net den Handy!
Eise Smartphone ass een treie Begleeder. En ass ëmmer do, och wa mer eis onwuel fillen. Ma déi Taktik klappt awer weder beim Flirten, nach beim Networken. Dofir gëllt hei: Ae fort vum Ecran a kuckt d'Leit ronderëm iech! Well och beim Flirten interesséiere mer eis net fir déi Persoun déi ganz eleng am Eck steet an op den Handy kuckt. A wa geschitt dat nëmmen a Filmer! Dofir och wann et drëms geet aner Leit aus der Branche kennen ze léieren: Handy fort, a kuckt d'Leit ronderëm iech. An traut iech mat aneren ze schwätzen. Maacht iech prett positiv iwwerrascht ze ginn!
2. Dialog net Monolog!
Wan eng Persoun gewëllt ass iwwert sech ze zielen ass dat beileiwen net schlecht! Ma et muss een awer och net hir ganz Biographie duerno kennen. Vill méi geet et drëms ze mierken op een emol e puer Stonne kéint zesumme sëtze fir un engem Projet ze schaffen. Dofir: zielt roueg vun iech, mee frot och déi aner Persoun iwwert hir Interessen aus. Oder wéi eng Projeten si besonnesch begeeschtert huet. Wat d'Gespréich méi interessant ass fir béid, wat besser. Dann huet een och vill méi Loscht effektiv déi Nummer op der Visittekaart eemol ze wielen.
3. Ego an Onsécherheeten ginn doheem gelooss!
Quasi kee Mënsch wëll nëmme wëssen wéi vill Luxus-Aueren eng Persoun huet oder wéi deier hir Autoe sinn. Och beim Networken hu mer vill méi dovu wa mer d'Persoun kenneléieren, an net hire Status. Genee esou schlecht ass et dann sech ëmmer erëm z'entschëllegen. Souwuel an der Léift wéi beim Networken siche mer keng Matt fir d'Féiss ofzebotzen an och kee Macho, mee eng Persoun mat der een zesumme schaffe kann! A wann d'Gespréich net leeft: kee Stress, et muss net ëmmer déi grouss (Business) Léift ginn!