Josh Island / © eldo
Den Josh Island presentéiert seng nei EP "Love Don’t Come Easy" live viru Publikum op der Schmelz zu Diddeleng.
Mat sengem melodiéise Mix aus Pop-Rock a Folk-Soul stoung den Josh Island schonn als Support Act op der Bün vu bekannten Acts wéi James Morrison, Charlie Cunningham an de Mighty Oaks. Den hollännesche Museker, dee awer zu Lëtzebuerg opgewuess ass, huet sech mat 16 Joer mat éischte klenge Concerte bekannt gemaach.
Mëttlerweil kuckt hien zeréck op iwwer 300 live Showen a ganz Europa, dorënner Showcasen um Liverpool Sound City, Popronde a Sonic Visions. Seng nächst EP „Love Don’t Come Easy“ kënnt de 7. Mee eraus an déi presentéiert hien am Virfeld op engem Release-Concert de 24. Abrëll Op der Schmelz zu Diddeleng. Tickete kritt der um Internetsitte vun der Location ze kafen.
Live presentéiert den Josh Island een ofwiesslungsräiche Programm, verbënnt seng Lidder mat witzegen Anekdoten, an interagéiert och ëmmer gäre mam Publikum. Net just ee Singer-Songwriter, mee ee Storyteller deen ee live erliewe sollt.