© Unsplash
Houfeisen, Kléiblieder an Himmelsdéiercher, verschiddener gleewen drun anerer net – Glécksbrénger! Mee vu wou kommen déi eigentlech?
De Mythos datt d’Houfeise Gléck brénge soll kënnt aus der Réimer-Zäit. Deemools war d’Päerd schonn als Symbol fir Stäerkt a Kraaft bekannt. D’Houfeisen ass dann als Glécksbrénger ugesi gi well et d’Päerd schützt. Ëmmerhi waren deemools vill Leit op hir Päerd ugewisen. D’Fanne vun engem Houfeise soll da besonnesch vill Gléck bréngen. Iwweregens ass et egal wéi een d’Houfeisen ophänkt. Verschidde Leit behaapten datt wann et mat der Ëffnung no uewen hänkt et d’Gléck opfänke kann. Anerer soen et soll een et mat der Ëffnung no ënnen hänken. Well da gëtt ee mat Gléck iwwerschott wann ee laanscht geet.
E Kléiblat mat véier Blieder soll bekannterweis och Gléck bréngen. Wat liicht verständlech ass, ëmmerhin ass et guer net esou einfach eent ze fannen. Datt et Gléck bréngt kënnt aus der Kelten-Zäit. Hei war Kléi en Zeeche fir Vitalitéit a Fruchtbarkeet. Et gouf awer och genotzt fir béis Geeschter ze verdreiwen. Am Mëttelalter gouf de Kléi esouguer an d’Kleedung agebitzt fir virum Ongléck ze schützen.
Zu gudder Lescht ass och d’Himmelsdéierchen e bekannten a beléifte Glécksbrénger. D'Insekt soll nämlech vun der helleger Jongfra Maria op d’Äerd geschéckt gi sinn. Dowéinst heescht en op däitsch och “Marienkäfer”. Lant de Kiewerlek op engem, soll d’Himmelsdéierchen een da virun Ongléck a Krankheete schützen. Ob kee Fall däerf een de Kiewerlek erofgeheien - dat bréngt nämlech Ongléck!
E Glécksbrénger kann awer alles sinn. Op Schlësselunhänger oder Gléckszuel, esoulaang een dru gleeft funktionéiert et och!