Vergrueft een en Apel, ass d’Chance grouss datt op der Plaz iergendwann en Äppelbam wiisst. Mee wat geschitt wann ee seng ënnescht Box vergrueft?

Lauschter hei!

Dat ass eng Fro déi sech d’Schwäizer den Ament stellen. Am Kader vum Projet “Beweisstück Unterhose” solle ronn 2000 ënnescht Boxen aus Bamwoll vergruewe ginn. Jiddereen deen hei matmécht kritt am Ufank 2 Calzonge geliwwert. Déi soll een dann an enger Wiss, engem Feld oder am Virgäertche vergruewen. D’Ziel vun der Etüd ass et d’Qualitéit vum Buedem ze analyséieren.

No engem Mount soll dann eng vun deenen zwou ënneschte Boxen ausgegruewen a fotograféiert ginn. No am Ganzen zwee Méint soll een dann och Fotoe vun deem anere Kaolzong maachen an un d‘Fuerscher weiderschécken.

Am Labo ginn d’Fotoen dann analyséiert a verglach. Wat de Stoff méi Lächer huet, wat de Buedem méi gesond ass, esou d’Fuerscher. Et ass also eng zimmlech einfach, mee effektiv Method fir d’Qualitéit vum Buedem ze iwwerpréiwen.  En änleche Projet ass och schonn a Kanada gemaach ginn, just net an dëser Gréisstenuerdnung.

Et kann een also net nëmme Läichen am Gaart vergruewen, de Kalzong geet och! Alles am Numm vun der Wëssenschaft.