© Unsplash
Zanter iwwert enger Joer gëtt quasi just nach iwwer de Covid-19 diskutéiert. Déi meeschte vun eis kënnen a wëllen et warscheinlech net méi héieren.
Glécklecherweis ginn et do e puer Tipps!
Trëfft ee sech da mat Kolleegen op enger Terrass ass d’Chance héich dass och hei de Covid d’Haaptthema ass. Ëmmerhin huet d’Pandemie e Groussdeel vun de Liewensberäicher fest am Grëff.
Hei kann et hëllefen sech en Zäit-Limitt ze setzen. Et kann ee 5 Minutten iwwert d’Pandemie schwätzen. Duerno soll een et dann awer si loossen. Sollt dat net klappe well sech keen drun hält, soll een eng Strof aféieren. Zum Beispill muss een allkéiers, wann een ufänkt iwwert d’Pandemie ze schwätzen, 1€ bezuelen.
Et kann och hëllefe wann een de Medie kuerz de Réck dréint fir ofzeschalten. Als Alternativ kann een z.B. e Buch liesen, Zäit an der Natur verbréngen oder vläicht eppes baken – haaptsaach Oflenkung!
Am Beschte kann ee sech oflenken andeems een nei Erfarunge sammelt – wien no eppes Neiem sicht, dee fënnt och eppes! Esou ass den Dag dann och méi interessant.
Owes kann een dann d’Highlights vum Dag Revue passéiere loossen – dat ass och gesond fir eis mental Verfassung!
Natierlech heescht dat awer net datt een d’Pandemie komplett ignoréiere kann. Et soll een awer d’Liewe ronderëm d’Pandemie net vergiessen oder vernoléissegen!