Dass wéinst Corona kaum Live-Concerte méiglech sinn, spieren och d‘Verkeefer vun Instrumenter an Equipement. E puer Instrumenter erliewen awer e Boom.  

Lauschtert hei de Reportage

Vill Mënsche schéinen sech hir Corona-Suergen an déi vill Zäit doheem mat Musek ze verdreiwen. Wéi aus den Zuele vun der Associatioun „Society Of Music Merchants“ ervir geet, hunn d’Mënschen am Lockdown d‘Léift zu der Gittar an dem Piano nei entdeckt. 2020 gouf jeeweils 8% méi an dësen Instrumentegruppe verkaaft wéi am Joer viru Corona.

Boom vun der E-Gittar

Virum allem d‘E-Gittar erlieft ee Boom: Hei sinn d’Zuele souguer ëm knapps 30% geklommen. Änlech gutt gesäit et bei de Synthesizer a bei den digitale Pianoen aus. De Grond: Dëst wieren Instrumenter, déi ee relativ séier léiere kéint.

D„Society Of Music Merchants“ huet festgestallt, dass d’Konsumenten och bereet wieren, fir een Instrument méi déif an d’Täsch ze gräifen. D’Sue fir d’Vakanz hu vill Leit gespuert an an een Instrument investéiert, heescht et.

Réckgang beim Equipement fir live-Optrëtter

Des Zuele maachen Hoffnung, well generell war 2020 ee schlecht Joer fir d‘Branche. Insgesamt ass den Ëmsaz ëm bal 10% zeréck gaangen. Eng staark Baisse gouf et bei allem, wat mat Live-Optrëtter ze dinn hat. Dozou gehéieren zum Beispill Mikroen, Kopfhörer, Verstäerker a Boxen. Hei gouf et en Ëmsazverloscht vu bis zu 30%.

Verkeefer vu Blosinstrumenter haten et zejoert och schwéier. Bal 20% manner Instrumenter goufen hei verkaaft. D’Diskussioun iwwert d’Aerosolen hätt d‘Branche schwéier getraff.

Hobbymuseker hëllefen der Branche duerch d‘Kris

Doheem hu vill Leit net just ugefaangen, een Instrument ze benotzen. An den eegene 4 Wänn gouf a gëtt och vill produzéiert. Recording Hardware, Studiomonitoren - alles, wat een an engem klenge Studio braucht, fir selwer eppes opzehuelen, huet sech gutt verkaaft. Dat gëllt och fir DJ-Equipement. Wann d‘Clubs zou sinn, gëtt eeben doheem gemixt.

Vill Mënschen hätten sech am Lockdown een neit Hobby gesicht. Een Indice dofir wieren och di héich Clickzuele bei Video-Tutorials am Internet. Am Lockdown hu vill Leit probéiert, sech selwer een Instrument bäizebréngen.

Och wa Corona d’Branche haart getraff hätt, wier een duerch all di nei Hobbymuseker nach mol mat engem bloen An dovu komm.