Iwwert déi lescht 10 Joer ass d'Zuel vun den Awunner ëm ronn 120.000 Mënsche geklommen.

Den 1. Januar hu 634.730 Mënschen hei am Land gelieft. Dat sinn der ronn 120.000 méi ewéi nach virun 10 Joer. Vun Dëse sinn der 319.456 Männer an 315.274 Fraen.

299.426 vun den Awunner hunn eng aner Nationalitéit ewéi di Lëtzebuerger. Ronn een Drëttel vun dësen hunn déi portugisesch Nationalitéit. Domadder ass déi portugisesch Nationalitéit no der Lëtzebuergescher am dacksten hei am Land vertrueden.

Vun den 335.304 Leit, déi di Lëtzebuergesch Nationalitéit hunn, hu 16,4 Prozent eng zweet Nationalitéit. Och hei ass déi portugisesch Nationalitéit am stäerkste vertrueden. Bal 26 Prozent vun de Mënsche mat enger zweeter Nationalitéit hunn nieft de Lëtzebuergescher déi Portugisesch.

Zejoert sinn iwwerdeems 22.490 Mënschen a Lëtzebuerg immigréiert a 14.870 hunn d'Land verlooss. 9.387 Leit kruten 2020 déi Lëtzebuerger Nationalitéit. D'Immigratioun ass dann och de wichtegste Facteur vum Bevëlkerungswuesstem. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass Dësen zu 80 Prozent op d'Awanderung zeréckzeféieren.

Wann ee sech ukuckt, wou d'Mënschen zu Lëtzebuerg liewen, presentéiert sech engem en alt bekannte Bild. Mat 124.509 Awunner ass d'Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg mat Ofstand déi Gréissten hei am Land. Duerno kënnt d'Gemeng Esch-Uelzecht mat eppes iwwer 36.000 Awunner. Mat 874 zielt d'Gemeng Sëll iwwerdeems déi mannsten Awunner.

Schliisslech gëtt d'Bevëlkerung ëmmer méi al. Iwwert déi lescht 40 Joer ass den Undeel vun de Leit ënner 19 Joer un der Bevëlkerung kontinuéierlech méi kleng ginn. Dee vun de Leit tëscht 40 a 64 a vun de Leit iwwer 80 Joer ass dogéint kontinuéierlech geklommen. Um 1. Januar louch d'Altersmoyenne vun de Fraen hei am Land bei 40,4 Joer. Déi vun de Männer louch bei 38,9 Joer. 6.459 Mënsche goufen zejoert hei am Land gebuer a 4.609 sinn der gestuerwen. D'Liewenserwaardung hei am Land zielt iwwerdeems zu deenen héchsten an der EU. Jongen, déi 2019 gebuer goufe ginn am Schnëtt 80,1 Joer al. D'Meedercher kréien an der Moyenne esouguer 84,6 Joer.

Lauschtert hei de Reportage!