© Unsplash
Friemgoen ass net besonnesch gutt ugesinn. Dat selwecht gëllt awer och fir d’Friem-Heemelen! Well net nëmmen de Mënsch gëtt jalous – den Hond och!
Quasi all Hondsbesëtzer misst et kennen. Et geet een trëppelen a begéint en aneren Hond. Fir net onfrëndlech ze si muss een da jo bal den anere Mupp heemelen. Dat kann awer zu Komplikatioune féieren, well den eegenen Hond fënnt dat net esou flott.
Mee net nëmmen eng reell Konkurrenz suergt fir Jalousie. En Hond aus Stoff oder einfach just en Zylinder aus Fleece kann den Hond och jalous maachen. Dat ass aus enger Etüd aus dem “Journal Psychological Science” ervirgaangen.
Wärend der Etüd kruten d’Hënn e Video gewisen an deem hire Besëtzer e Fleece Zylinder oder e stoffenen Hond heemelt. Huet den Hond wärenddeem u senger Léngt gezunn, war dat en Unzeeche fir Jalousie.
D’Wëssenschaftler vergläichen hei d’Verhale vu Bëbeeën an de Muppen. De Bëbee probéiert nämlech dacks der Mamm hir Interaktioune mat anere Bëbeeën ze verhënneren. De Mupp verhält sech hei änlech. Och hie gëtt jalous fir sech géint seng potentiell Rivalen duerchzesetzen. Am meeschten huet hien un der Léngt gezu wann de stoffenen Hond geheemelt gouf, oder wann de Besëtzer just esou gemaach huet wéi wann.
De Mënsch an de Mupp sinn also guer net esou ënnerschiddlech. Dat erkläert vläicht och firwat den Hond eise Beschte Frënd ass.