Den Internet ass net méi ewechzedenken. Fir vun doheem aus ze schaffen oder einfach just op Social Medien ze chillen – den Internet ass zimmlech praktesch!

Lauschter hei!

Hei gëtt et just ee Problem: Mir vergiessen eis Passwuert ze dacks!

Dat ass awer och net weider verwonnerlech. Etüden aus den USA hunn nämlech erginn datt en normalen amerikaneschen Internet Notzer am Schnëtt méi wéi 150 Online-Accounten huet. Leider späert sech den Duerchschnëtts Amerikaner bei 10 Internet Säite pro Mount aus, well e säi Passwuert vergësst.

Bei enger Ëmfro vu LastPass, engem Passwuert-Manager Entwéckler, ass erausfonnt ginn datt méi wéi d'Hallschent vun de Participanten hiert Passwuert mindestens 5 mol de Mount zrécksetzt. Wat ongeféier 10 Minutte pro Passwuert dauert.

Hei entsteet erëm en neie Problem. 57% hunn nämlech zouginn datt si dat neit Passwuert direkt erëm vergiessen.

Dat kann dann zur sougenannter “Password Anxiety” féieren. Hei hunn 64% zouginn datt se Internet Säiten oder Accounte vermeide vun deene se d’Passwuert net méi wëssen. Gutt iwwer d‘Hallschent huet erkläert datt si ouni hiren Handy den Accès op e Groussdeel vun hiren Accounte verléieren.

Des Weidere si mir och zimmlech faul wann et drëms geet e Passwuert ze erstellen. Wat och e Grond ass firwat “Passwuert1” an den Numm vum Hausdéier nach ëmmer sou populär sinn. Déi meeschte vun eis benotzen dat selwecht Passwuert fir e puer Accounten oder Websäiten. An 68% vun de Fäll benotze mir eng liicht verännert Versioun vun eisem Passwuert fir aner Websäiten.