© Unsplash
Ze wëssen op eng Entscheedung gutt oder schlecht ass, ass guer net esou einfach. Ëmmerhi gesäit een net an d‘Zukunft. Eng Etüd huet awer en Trick fonnt.
Ier ee grouss Entscheedungen am Liewen trëfft ass een ëmmer hin- an hier gerappt. Deeglaang, dacks esouguer méintelaang weit een d’Vir- an d’Nodeeler of, bis ee sech da schliisslech festleet.
An dann ass ee sech jo nach net sécher op dat elo déi Richteg war, ëmmerhi kënne mir jo net an d’Zukunft kucken. E Fuerscher-Team vun der Twente Universitéit an Holland hunn awer elo erausfonnt, datt eng voll Blos hëllefe soll besser Entscheedungen ze treffen.
Wärend der Etüd goufen d’Participanten an 2 Gruppen opgedeelt. Eng Grupp huet misste 5 Tase Waasser drénken, also ongeféier 0,75 Liter. Déi aner Grupp huet just eng Schlupp aus all Taass geholl.
Wéi d’Waasser 40 Minutte méi spéit bis an der Blos ukomm war, hunn d’Participanten da missten e puer Froe beäntweren. Eng Fro war hei zum Beispill: Léiwer 16€ muer oder 30€ an engem Mount? Et goung also drëms ze kucken, ob d’Testpersoune léiwer eng méi kleng Belounung direkt gehat hätten, oder op eng gréisser Zomm waarde géifen.
De Wëssenschaftler no hu Leit mat enger voller Blos méi dacks déi méi grouss Belounung gewielt. Dat obwuel se dofir hu misse waarden. D’Membere vun dëser Grupp huet et also besser fäerdeg bruecht, akut Bedierfnisser op méi spéit ze verréckelen.
De Wëssenschaftler no ass dat e Beweis datt ee mat enger voller Blos besser Entscheedungen trefft. Also vläicht virun der nächster grousser Investitioun einfach 1 Liter Waasser drénken. Dat hëlleft iwweregens och wann een akafe geet. Mat enger voller Blos léisst een sech nämlech manner zu onnéidegen Akeef verleeden.