En Timer wann een op d’Toilette geet, Raséier-Flicht oder Wierder déi verbuede sinn – hei déi skurrilst Reegelen aus Entreprise weltwäit!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Schafft ee bei där norwegescher Versécherungsfirma DNB a wëll op d’Toilette goen, huet een dofir effektiv nëmmen 8 Minutten Zäit. Duerno gëtt nämlech en Alarm ausgeléist. Dat ass wuel éischter eng potentiell Verletzung vun de Mënscherechter ewéi eng sënnvoll Regel, mee gutt.

Wann ee bei Tesla an d’Virstellungsgespréich geet, sollt een dann am beschten op Parfum verzichten. Wéi de Magasinn “Wired” schreift, hätt den Elon Musk nämlech eng sensibel Nues a géif ganz empfindlech op staark Gerécher reagéieren.

À propos Tesla: De Chef vun der Milliarden-Entreprise ass och kee Fan vu Meetings. Dowéinst kënne seng Mataarbechter:innen dës och einfach verloosse wann hir Präsens onnéideg ass, respektiv guer net optauchen. Eng radikal Reegel, déi awer duerchaus sënnvoll ka sinn, fanne verschidden Experten. Kee Parfum, dofir och keng Meetings, kléngt op allefalls no engem gudden Deal.

Alleguer déi Leit mat Baart mussen dann elo staark sinn. Wie fir d’Stad Iseraki a Japan schafft, muss sech deen nämlech direkt ewechraséieren. E Baart géif onhygieenesch ausgesinn an esouguer e Risiko duerstellen, esou d’Autoritéiten. Et hätten esouguer negativ Reaktioune vu Cliente ginn – firwat och ëmmer...

Och bei Google ginn d’Employéeë gutt an der Gidd gehalen. Hei sinn nämlech Diskussiounen iwwer Politik komplett verbueden, well dës an der Vergaangenheet zu Spannungen an der Entreprise gefouert hätten. Mat där Reegel soll deemno erëm Uerdnung an de Sillicon Valley kommen.

Genee esou muss sech och bei Apple an engem Gespréich mat Clienten u ganz streng Reegele gehale ginn. Negativ konnotéiert Wierder ewéi "Ofstuerz", "Problem" oder "Feeler" sinn tabu! Donieft sollen d'Mataarbechter:innen vum Technologie-Gigant an enger Entrevue net widderspriechen oder korrigéieren. Esou géif een am Ëmgang mat Clienten ganz anescht optrieden an e gutt Gefill hannerloossen.