© pexels.com
Eng Etüd huet ënnersicht, wat eis Eltere mam Partner ze dinn huet. An do ginn et anscheinend ganz vill Gemeinsamkeeten...
Wéi ee groussen Afloss huet eis Kandheet herno op eis Wiel beim Partner? Méi eng grouss wéi der villäicht gemengt hätt!
Hutt der iech schonn heiansdo geduecht: "Iergendswéi gläicht mäi Partner oder meng Partnerin extrem engem vu mengen Elteren?" Beäntwert dës Fro roueg éierlech, well eng falsch Äntwert gëtt et net dorop. Mee ganz ongewéinlech soll dat anscheinend net sinn! Dat souwuel am positive wéi am negative Sënn. Et kënnt zum Beispill och ëmmer nees fir, dass Persounen, bei deenen ee vun den Elteren zum Beispill alkoholofhängeg war, sech ee Partner eraussichen, deen dee selwechte Problem huet. Ma et kann awer och genee esou gutt sinn, dass är Mamm immens uerdentlech war a pingeleg, an äre Stuppe och. Dat géif dodru leien, dass mär Mënschen eebe Gewunnechts-Déiere sinn. Déi meescht vun eis hu gäre Vertrautes ronderëm sech. Dat net nëmme wann et ëm d'Ariichte geet vun der Wunneng, mee och bei de Leit déi eis ëmginn. Mer sichen deemno no vertraute Verhalensmusteren, an och deels Gesiichtszich.
Schonn 2004 hat eng Etüd vun amerikaneschen an ungaresche Fuerscher eraus fonnt, dass Frae sech ee Partner eraus sichen, dee vill Gemeinsamkeeten huet mat hirem Papp. An dat muss net de Gebuertspapp sinn! An dëser Etüd goufen nämlech nëmmen Adoptivkanner gefrot. A wat d'Relatioun mam Papp besser war, wat de Partner vun de Fraen dësem och méi geglach huet. Bei dëser Etüd war och opgefall, dass et och haaptsächlech Ähnlechkeete mam Papp vun de Frae gouf. Et hätt deemno also net nëmmen