© pexels.com
Kennt der et: ären Hond huet gefillt 100 Spillsaachen. A mat wat spillt en herno am léifsten? Engem einfache Bengel! Wisou ass dat esou?
Et kéint ee verréckt ginn: da keeft een zwee nei Bäll, ee Frisbee a villäicht och nach eng aner extra flott Spillsaach. An op wat stierzt ären Hond sech direkt wann der bis am Gaart sidd oder dobaussen? Ee Bengel deen en um Buedem fonnt huet! Wisou ass dat esou?
D'Erklärung läit gréisstendeels bei der Nues vun ärem Mupp. Esou ee Bengel richt fir eis einfach no Holz a villäicht och e bëssen no Muuscht wann en eng Zäitche laang op de Blieder louch. Ma fir ären Hond ass dat awer nach eemol eng ganz aner Saach. Si richen nämlech mat hiren immens sensibelen Nuese vill vill méi. Esou ee Bengel ass da voll mat lauter verschiddene Gerécher déi se entdecke kënnen. An deels riche déi Bengelen och nach no aneren Hënn, déi dëse virdrun an der Schnuff haten. Et kéint een dat e bësse wéi "sozial Medie" fir eis Muppe gesinn. Virun allem mécht et hinnen immens vill Spaass. Wann een Hond op esou engem Bengel ronderëm richen, an och e bësse knat, gi lauter verschidde Sënner getriggert. An dat stimuléiert äre pelzege Stupp dann och op engem Niveau, mat dem der villäicht net gerechent hätt: seng emotional Gesondheet.
Also kann een den Hond einfach elo op all Bengel lass loossen an onbesuergt do drop knae loossen? Nee! Et soll een ëmmer oppasse wann de Mupp wann dësen ufänkt de Bengel ze zerknaen. Esou een Aascht kann nämlech och séier geféierlech ginn. Besonnesch fir Welpen, mee och méi al Hënn. Beim Knae zerspläitert d'Holz jo. Dës Spläitere si gréisstendeels ongeféierlech wa se ganz kleng sinn. Ma bei grousse Spläiteren ass dat schonn eppes ganz anescht. Do riskéiert nämlech ee Spläiter am Hals stiechen ze bleiwen an do Wonnen ze maachen. Och am Mo oder am Daarm kënnen esou Spläiteren enorme Schued uriichten. Dofir: léiwer ëmmer een A op de Mupp a säin aktuelle Liiblingsbengel halen!