D'Reouverture vun den Terrasse wier esouwuel fir d'Ugestallter, ewéi och fir d'Betriber aus dem Secteur wichteg gewiescht.

D'Reouverture vun den Terrasse wier am Allgemenge gutt ukomm. Wéi de Generalsekretär vun der HORESCA, de François Koepp sot, hätt ee bei enger Partie Visitte vun den Terrassen uechtert d'Land festgestallt, dass d'Terrassen am Allgemenge gutt besicht gewiescht wieren. Et hätt een den Androck gehat, dass d'Leit frou wieren nees e Stéck Normalitéit zeréck ze hunn.

Bei dëse Visitten hätt een dann och festgestallt, dass d'Betriber sech un déi verschidde sanitär Mesuren hale géifen. Am Fall wou d'Gäscht géint di sanitär Mesure verstouss hätten, hätten d'Patronen an d'Ugestallter vun de Betriber net gezéckt fir dës op hiert Feelverhalen hinzeweisen.

D'Reouverture vun den Terrasse wier dann och fir d'Ugestallter vun deene verschiddene Betriber wichteg gewiescht. Dëst virun allem aus 2 Grënn. Allem virop wier et dem François Koepp no wichteg, dass d'Leit endlech nees an hirem Beruff kéinte schaffen. Eng sëllegen Ugestallter hätten him géigeniwwer gesot, dass si frou wieren endlech nees hir Mataarbechter erëmzegesinn an nees Gäscht zerwéieren ze kënnen. Op der anerer Säit dierft een awer och net vergiessen, dass déi finanziell Situatioun vu villen Ugestallten sech elo däitlech verbessert hätt. Si géifen elo nees 100 Prozent vun hirer Pai an hiert Drénkgeld kréien.

Ma och fir d'Betriber géif d'Reouverture vun den Terrassen sech finanziell rechnen. Dem François Koepp no géing kee Betrib e finanzielle Risiko agoe wann e seng Terrass nees opmaache géing. Kee géif riskéieren déi finanziell Hëllefen, déi ee bräicht, ze verléieren. Esou kéint een d'Wueren, déi ee kaf huet an net verkaf krut zu den net gedeckte Käschten dozou zielen. Ausserdeem kéinten d'Betriber, dem Gesetz no, maximal 25 Prozent vun hirem Ëmsaz aus dem Joer 2019 maachen, ouni, dass si dës Sue vun hire finanziellen Hëllefen ofgezu kréichen.

Et wier der HORESCA dann och kee Fall bekannt an deem e Betrib eng Demande fir eng Terrass gemaach hätt an dës net accordéiert krut. De Verband hätt sech scho ganz fréi dofir agesat, dass esouvill ewéi méiglech Betriber esou eng Autorisatioun kréichen. Et hätt ee sämtlech Gemengen am Land ugeschriwwen a si dozou opgeruff d'Krittären, déi d'Betriber fir eng Terrass ze kréien erfëlle mussen, ganz large auszeleeën.

Am Allgemengen hätt de Fait, dass de Verband sech esou staark fir de Secteur agesat hätt, sech gelount. D'Situatioun vun de Betriber wier nämlech vill besser ewéi déi vun de Restauranten a Caféen am Ausland.

Lauschtert hei de Reportage!