Kommunikatioun ass wichteg, ma heiansdo ass et besser de Mond ze halen…

Léif Männer, kommunizéieren ass wichteg, ma et ginn e puer Aussoen, déi sinn et NET an déi sollt een deemno besser fir sech behalen.

"Hues de deng Reegel, dass de sou launesch bass"

Léif Männerwelt, net alles wat mer maachen, denken oder soen hänkt domat zesummen dass mer eis Deeg hunn, oder eben och net. Falls mer mol mat iech streiden oder eng äntwert ginn, déi iech net passt, heescht dass net dass et „erëm déi Zäit am Mount ass“, mir kënnen och einfach esou emol granzeg sinn oder eis Meenung soen. Wat allerdéngs sécher ass, wann der e Kommentar vun där Zort vun iech gitt gëtt d’Laun definitiv net besser!

Lauschtert eran

"Sou eppes kanns du?"

Jo och wa mer Frae sinn, kënne mer d’Pneuen um Auto wiesselen, e Regal opbauen oder soss eppes maache vun deem Leit mengen et wär Männersaach. Dat gëllt ëmgedréint iwweregens genee esou.

"Du iwwerdreifs mol erëm"

Wie mat sengem Partner diskutéiert wëll eescht geholl ginn an net gesot kréien, dass een iwwerreagéiert. Och esou Sätz wéi „du bass léif wann s de rose gëss“ hëllefen net dobäi d’Partnerin ze berouegen.

"Du léiss dech goen"

Entschëllegt? Dee Saz sträicht der mol direkt aus ärem Vokabulär an och hei gëllt dat fir béid Säiten. Kloer kann ee mam Partner schwätze wann dëse sech iwwert d’Bezéiung ewech optesch verännert huet. Wéi gesot kommunizéieren a Bedenken uschwätzen, dat ass gutt. Ma Virwërf oder Virschléi wéi „villäicht häss de besser eng Zalot z iessen“ oder „¨wëlls de dech net mol eng Kéier schick maachen“, déi eben der mol léiwer fir iech.

Iwwregens esou Sätz wéi „kach mer eppes“, „bréng mer e Béier“ oder „du muss nach botzen“, déi brauche mer wuel net weider unzeschwätzen. Dass mer mëttlerweil am 21. Joerhonnert ukomm sinn, wou souwuel Mann wéi Fra sech den Haushalt opdeelen, misst och deem leschten Babbeler bewosst sinn.