Och Museker kënnen hir Meenung änneren, oder mierken, dass verschidden Textzeilen net onbedéngt ganz glécklech gewielt waren.

1. "Blurred Lines" fir de Pharrell Williams

Et war een Hit, deen eemol wéinst senger Melodie fir Diskussioune gesuergt huet, well dës geklaut gi wier. Ma nach vill méi Leit hu sech awer um Text u sech gestéiert well dëse Vergewaltegunge géing glorifizéieren. An engem GQ-Interview 2019, huet de Pharrell do zouginn, dass hie sech uganks net esou bewosst gewiescht wier, wéi ee verschidden Zeilen verstoe kéint. An dass et ëmmer nees Männer ginn, déi esou Aussoe géinge maachen, wa se enger Fra hiren "Nee" net wëllen acceptéieren. Dem Pharrell wier och bewosst ginn, dass hie mat dësem an och anere Lidder dozou bäigedroen hätt, dass esou eng Astellung an der breeder Gesellschaft acceptéiert a verbreet gëtt.

Lauschtert hei eran!

2. "I Kissed a Girl" vum Katy Perry

Obwuel et mat dësem Lidd bekannt ginn ass am Joer 2008, ass d'Katy haut net méi wierklech houfreg op säin Duerchbroch-Hit. An engem Interview vun 2018 mat der Glamour, huet d'Katy zouginn, dass et d'Lidd haut net méi an der Form a mat deene Lyrics géing erausbréngen. Dat well mer haut vill méi oppen iwwer Bisexualitéit an Gender-Fluiditéit wëssen a schwätze wéi dat soss de Fall war. Hatt selwer hätt vill geléiert an deene leschten 10 Joer. Iwwregens hat d'Pink schonn deemools gemengt, dass dëst Lidd offensiv wier vis à vis vu Lesben a Bisexuellen, well et suggeréiert, dass Sexualitéit een "Just for Fun"-Choix wier.

3. "Royals" vum Lorde

Och fir d'Lorde war seng Single "Royals" eigentlech déi Single dat d'Sängerin  2013 international bekannt gemaach huet. Ma ee Joer méi spéit, huet d'Lorde an engem Interview driwwer geschwat, dass et verstanen hätt, dass et mat verschiddenen Textzeile sech "Black Culture" appropriéiert hätt. Wéi déi neiséilännesch Kënschtlerin sot, wieren et Persoune gewiescht, déi et dorop opmierksam gemaach hunn, déi et souwuel perséinlech wéi och op engem intellektuellen Niveau immens géing respektéieren. A wann esou Leit engem soen, dass een eppes falsch gemaach hätt, an och wisou, da kéint een dëst absolut net ignoréieren.