Et gi vill verschidde Meenungen ronderëm Hochzäiten an d'Bestietnis. Ma et ginn der awer déi totale Quatsch sinn:

Mythe virun der Hochzäit:

Lauschtert hei eran!

1. Ee wäisse Rack mécht déck
Natierlech muss hautdesdaags keen ee wäisse Rack undoen, wann een et net wëll. Et muss een emol kee Rack undoen! Mee wien awer seng Hochzäit well wäiss ugedoe sinn, a fäert ee wäisse Rack unzedoen well e mengt e géif dann déck ausgesinn: Nee! Beim Rack kënnt et virun allem op dee richtege Schnëtt un. Dofir lount et sech an ee Geschäft ze goen, wou ee sech professionell berode loosse kann.

2. De Mann muss fir op d'Braut waarden
Eng Traditioun, déi ganz vill Leit bei hirer Hochzäit bäibehalen: de Mann waart fir op d'Braut. An de Papp bréngt d'Braut bis dohin. Fir vill Leit een emotionalen a romantesche Moment. Dobäi ass dat ee Brauch deen nach aus enger Zäit staamt, an der d'Fra Proprietéit vum Papp war. An dann duerno vun hirem Mann. Dofir ass et och okay wann ee léiwer zesumme als Koppel de Gank erof trëppelt.

Mythe wann de Rank bis drun ass

1. Soubal ee bestuet ass, ass alles gutt
Sorry mee esou leeft dat definitiv net. Wann et an enger Relatioun och scho virun der Hochzäit net gutt gelaf ass, ass net op eemol alles perfekt, just well ee bestuet ass. All Bezéiung verlaangt Aarbecht, zu all Moment. Wien net fir dës schaffe wëll, wäert mat oder ouni Rank net glécklech ginn.

2. Et huet ee kee Sex méi
Net jidderee brauch Sex fir glécklech ze sinn. Dat stëmmt. Ma et stëmmt awer net, dass ee just nach Sex muss hunn, oder just intim ass mam Partner, wann et drëms geet sech "fortzeplanzen". Oder schlëmmer: dass een ëmmer muss matmaachen, och wann ee villäicht guer net wëll! Beim Sex am Bestietnis gëllt nees, wéi och bei net bestuete Persounen: Et soll een ëmmer op d'Besoinen vum Partner agoen, andeems een driwwer schwätzt, fir d'Sexliewe fir béid Persoune angeneem ze gestalten.