Vun Drëpsen an der Kamera oder hannert dem Bildschierm, bis zu raschtege Platinnen am Handy. Waasser ass net gutt fir de Smartphone.

Lauschter hei!

Mee wéi kann dat geschéie wann den Handy waasserresistent soll sinn?

Ganz einfach, “waasserresistent” heescht net “waasserdicht”. Waasserresistent bedeit just dat den Handy fir eng kuerz Zäit am Waasser ka sinn ouni beschiedegt ze ginn. Et ass awer wichteg ze wëssen datt Waasser net gläich Waasser ass. Salz-, Chlor- oder Seefewaasser kann den Handy trotzdeem beschiedegen.

Wéi resistent den Handy ass, seet engem den “Ingress Protection” Code, de sougenannten “IP Rating”. Dee besteet aus 2 Zuelen. Déi éischt seet wéi geschützt den Handy viru Stëbs oder Sand ass. Déi 2. Zuel, wéi waasserresistent de Smartphone ass. Den “IP Rating” fir de spezifeschen Handy-Model fënnt een an da Beschreiwung oder online.

Falls den Handy awer an d’Waasser fält, soll een den Handy esou séier wéi méiglech ausschalten. Am beschten ouni ze vill Knäppercher ze drécken.

Duerno soll een den Handy ofdréchnen a virsiichteg rëselen. Esou stellt ee sécher datt kee Waasser méi am “Charging Port” ass.

Iwweregens funktionéiert den Trick mat der Schossel mat Reis net wierklech gutt. Als Alternativ kann een eng Schossel mat “Silica Gel” benotzen. Dat sinn déi Päckelcher déi ee bei neie Schong oder Posche fënnt, fir d’Fiichtegkeet ze absorbéieren.

Op kee Fall soll een e Fön benotzen. Dee kann nämlech d’Dichtunge vum Handy weider beschiedegen. Am Beschte waart een einfach bis en dréchen ass oder et benotzt een e Ventilator.

Sollt dat awer net klappen, freet een am Beschten e Profi ëm hëllef!