Zanter kuerzem gëtt et en neie Museks-Genre. D’Chance ass awer héich datt e sech net duerchsetze wäert. Heibäi handelt et sech nämlech ëm Spanne-Musek!

Lauschter hei!

Wëssenschaftler vum MIT hu sech nämlech amuséiert mat Spawecken ze experimentéieren. Heivir gouf en 3D Scan vun engem Spannennetz gemaach. Esou konnten d’Wëssenschaftler d’Struktur vum Netz an akustesch Signaler ëmwandelen – si hunn d‘Spaweck also quasi zu Musek gemaach.

All Fuedem vum Netz huet hei eng spezifesch Nout kritt. D’Melodie déi esou entsteet baséiert sech op der Reiefolleg vun de Fiedem. D’Musek, oder dat wat dobäi erauskomm ass, klengt awer zimmlech skurril an erënnert méi un eng Kaz déi iwwert e Piano leeft, wéi richteg Musek.

D’Zil vun der Etüd ass et awer net just Musek ze maachen, mee Musek speziell fir Spannen ze komponéieren. De Wëssenschaftler no kéint een esou nämlech mat de Spanne kommunizéieren. D’Spann erkennt d’Welt nämlech u sech nëmmen duerch Vibratiounen. Musek, oder dat wat mir ënner Musek verstinn, ass jo am Fong genee dat: Vibratiounen déi iwwert d’Loft iwwerdroe ginn.

Ob ee mat der Spanne-Musek dem Déier seng Handlunge beaflosse kéint, hunn d’Wëssenschaftler bis elo nach net erausfonnt, wëllen dat awer nach weider erfuerschen.

Mat e bësse Chance kann een de Spannen an Zukunft jo dann och kloer maachen datt se weder am Buedzëmmer nach am Keller erwënscht sinn.