D'Medikament "Budesonid" zu engem manner schwéiere Verlaf vum Covid-19 féieren.

En Asthma-Medikament kéint en Duerchbroch bei der Behandlung vum Covid-19 bedeiten. Op d'mannst, wann een de Resultater vun enger Etüd vun der Universitéit Oxford gleeft.

Um Ufank vun dëser Etüd stoung eng Beobachtungen, déi ënnert anerem a China, den USA an Italie gemaach gouf: Ënnert de Patienten, déi wéinst Covid-19 an d'Spidol ageliwwert goufen, ware kaum Mënschen, déi scho mat aneren Erkrankunge vun den Otemweeër geplot waren.

Fuerscher hunn dowéinst vermutt, dass Kortison-Sprayen, déi dacks bei dëse Patienten agesat ginn, géint d'Symptomer vum Covid-19 hëllefe kéinten.

Fuerscher vun der Universitéit Oxford hu probéiert erauszefannen, ob dat tatsächlech de Fall ass. Am Kader vun enger Etüd hunn si 146 Corona-Patiente mam Asthma-Medikament "Budesonid" behandelt. An der Moyenne hat déi gesondheetlech Situatioun vun dëse Patienten sech no 7 Deeg däitlech verbessert. Ënnert anerem hunn si manner laang misse behandelt ginn, ewéi Leit, déi kee Medikament kruten an haten och manner laang Féiwer ewéi Dës.

D'Auteure vun der Etüd sinn dann och zu der Konklusioun komm, dass de fréizäitegen Asaz vun dësem Asthma-Spray de Risiko vun engem Spidolsopenthalt ëm 90 Prozent reduzéieren an d'Zäit bis zu enger kompletter Heelung verkierze kéint.

Gouf dann elo en neit Wonnermëttel géint de Covid-19 fonnt? Ma ganz esou einfach ass et anscheinend net. Aner Fuerscher hunn nämlech eng Partie Kritikpunkten un der Etüd. Engersäits wier d'Grupp vun de Persounen, déi ënnersicht goufen, vill ze kleng. Anerersäits wiere si net mat enger Grupp, déi kee Medikament krut, verglach ginn.

Ausserdeem misst een, dëse Fuerscher no, och nach erwänen, dass d'Etüd vum Pharmakonzern AstraZeneca gesponsert gouf. Dëse produzéiert d'Medikament "Budesonid".

D'Fuerscher kommen dowéinst zu der Konklusioun, dass et weider Etüde bréicht fir erauszefanne wéi wierksam den Asthma-Spray géint de Coronavirus ass.

Lauschtert hei de Reportage!