Mathé léiere ka scho mol zimmlech langweileg ginn. Dass alt schonn en zimmlech dréchent Fach. Glécklecherweis hu Fuerscher elo eng Alternativ fonnt!

Lauschter hei!

De Wëssenschaftler no sollen nämlech Brietspiller hëllefen. Et ass awer scho länger gewosst datt Kanner mat Hëllef vu Spiller méi effizient léiere kënnen. Esou ginn et zum Beispill speziell entwéckelt Brietspiller fir Mathé a logescht Denke méi einfach verständlech ze maachen. Mat Spiller léieren ass net nëmme méi interessant, mee och méi motivant wéi nëmmen Aufgaben aus dem Buch ze maachen.

Wëssenschaftler hunn awer elo rausfonnt datt net nëmmen dës speziell entwéckelt Spiller beim Léieren hëllefen. Mee quasi all Brietspill wat mat Wierfele funktionéiert. Natierlech soll et sech heibäi ëm Zuele-Wierfelen handelen.  Dat heescht och “Mensch ärgere dich nicht” oder “Fang den Hut” kann zu engem bessere Verständnes bäidroen.

Am Kader vun der Etüd, hunn 4 bis 6 Joer al Kanner misste Brietspiller spillen. Dat ganzt iwwert eng Period vu 4 Wochen. Wärend der Zäit goufe 7 Sessioune vun 30 Minutten organiséiert. Dobäi ass da bestätegt ginn datt d’Kanner esou hir mathematesch Fäegkeeten developpéiert hunn.

De Fuerscher no weist d’Etüd datt d’Spille vu konventionelle Brietspiller mat traditionelle Punkte-Wierfelen, d’Zuele-Verständnes effektiv verbessere kann. An deem Fall kéint ee jo och einfach d’Mathés-Buch duerch eng oder zwou Ronne Monopoli ersetzen.