Dir braucht e bësse musikalesch Motivatioun fir iech impfen ze loossen? Ma dofir gouf elo extra eng Playlist zesumme gesat!

Een treie Begleeder an all Situatioun ass definitiv Musek. Besonnesch flott ass et wann ee fir verschidde Situatiounen am Liewen och déi passend Playlist huet. Esou kann een optimal duerch all Gefillslag begleet ginn. Dëst Joer, 2021 steet komplett am Zeeche vum Impfen. Ma de Streamingdéngscht Spotify huet gemierkt, dass et besonnesch an England an an den USA ee gréissere Besoin gouf no Musek déi zu der Stëmmung passt wann ee geimpft gëtt oder scho geimpft ginn ass.

Zanter dem 1. Januar 2021 goufe weltwäit méi wéi 7'700 Playlists opgestallt op deenen ee Musek passend zur Covid-Impfung lauschtere kann. Ma Spotify huet sech d'Lidder déi do drop sinn emol méi genee ugekuckt. D'Lidder déi do drop waren haten dann alleguer gréisstendeels mat Optimismus, Virfreed an Humor ze dinn. Doropshinn huet Spotify dann elo selwer eng Playlist zesumme gestallt. Do drop sinn da Lidder wéi "Hit Me With Your Best Shot" vum Pat Benatar, "Gimme! Gimme! Gimme!" vun ABBA oder "Good Days" vum SZA. Am Ganze si 25 Lidder op der Playlist "Vaccine Songs" ze fannen. Mat dobäi ass dann och nach ee Link op ee Site mat engem FAQ ronderëm d'Impfung.