De "Fred Barreto Group", eng Lëtzebuergesch Blues-Rockband ronderëm de bekannte Sänger a Gittarist Fred Barreto, annoncéiert fir 2021 een éischten Album.

Lauschtert hei de Reportage

De „Fred Barreto Group“ besteet aus dem Nadja Prange (Uergel), dem Daniel Fastro (Bass), dem Michael Stein (Batterie) an natierlech dem Frontman Fred Barreto (Gittar a Gesang).

RTL

© eldo

Den talentéierte Rock- a Bluesmuseker Fred Barreto, deen zu Salvador da Bahia a Brasilie gebuer ass, huet d’Band 2009 gegrënnt an ass zënterhier e feste Bestanddeel an der Lëtzebuerger Musekszeen. Scho fir bekannten Acts wéi Slash a Richie Kotzen (Poison) konnt hien als Supportact iwwerzeegen a vill Liveerfahrungen op grousse Büne sammelen.

De "Fred Barreto Group" ass effektiv vrun allem eng Live-Band. Di concertsfräi Corona-Zäit hunn d’Museker genotzt fir hiren éischte Studioalbum opzehuelen- am Gam Studio an der Belsch zesumme mam bekannte brittesche Produzent Mike Butcher.

D’Resultat ass een Album mat 12 Lidder deen am Oktober eraus kënnt. Mam Titel „Living and loving“ huet de Fred Barreto Group elo déi éischt Single aus dem Album presentéiert, fir déi dëse Freideg demëtteg och en offizielle Video presentéiert gëtt.