Et ass ee Wonsch deen d'Mënschheet schonn zanter Joerhonnerte verfollegt: net al ginn. Zum Alterungsprozess hu Fuerscher elo eppes Neies erausfonnt.
Dem Schnéiwittche seng béis Stéifmamm, franséisch Kinneken, a sou zimmlech all Hollywoodstar si bekannt dofir, dass se eppes net gären hunn: al ginn! Dolaanscht kënnt natierlech keen. Ma och d'Fuerscher beschäftege sech ëmmer nees mat der Fro vum Alteren. Do gouf elo nees eppes Neies entdeckt.
Fuerscher vun der renomméierter Stanford Universitéit, hu sech dofir emol eist Bluttplasma méi genee ugekuckt. Am Ganze gouf de Plasma vun 4.263 Persounen analyséiert, déi am Alter tëscht 18 an 95 Joer al waren. A wat gouf do genee gekuckt? Ma d'Proteinnen déi am Plasma dra sinn. An dat sinn der och eng ganz Rëtsch. D'Fuerscher hunn dës Prouwen no 2'925 Plasmaproteinne ënnersicht. Dobäi hunn d'Fuerscher festgestallt, dass d'Unzuel vun de Plasmaproteinnen am Laf vun de Jore ëmmer weider ofhëlt. Ma wat awer virun allem opgefall ass: am Laf vun eisen 30er, 60er a 70er Joren massiv Spréng geschéien wann et ëm dës Proteinne geet. Dëst géing bedeiten, dass een an dëse Liewensofschnëtter méi séier al gëtt.
Déi gutt Nouvelle: der kënnt eppes maachen, dass dat net esou massiv geschitt. An iech esou dann och méi laang jonk halen! Dat Wichtegst ass scho mol sech richteg z'ernieren. Donieft ass och genuch Sport, ee gudde Schlof an d'reduzéiere vu Stress wichteg. Doduerch kéint de Kierper dann och aus eegener Capacitéit dofir suergen, dass mer eng Grëtz méi lues al ginn.