14 Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch produzéieren aus recycléierte Materialie Sëtzsäck!

Eko ass Deko, dat ass de Slogan vun der Mini Entreprise "Ekomfort" aus dem Lycée Aline Mayrisch an dat Motto ass Program. Déi 14 Schüler ass opgefall, dass een immens dacks Styropor-Bulle gesäit, déi ewech gehäit ginn. Dee Styropor, deen ee gefillt bei all Online-Bestellung dobäi kritt, misst een dach iergendwéi verwäerte kënnen an esou ass d'Konzept vum nohaltegen a lokal produzéierte Sëtzsak entstanen.

Dës Sëtzméiglechkeet kann een esouwuel banne wéi bausse benotzen an dat läit um Material. De baussechte Stoff besteet aus Sonneseegel, déi d'Schüler vun Atelieren hei zu Lëtzebuerg kréien. Dës si Seegel, déi d'Firme selwer net méi notze kënnen, sief et wéinst engem Produktiounsfeeler oder well se duerch d'Notze scho verblatzt sinn. Amplaz se fort ze gehéie kritt de Stoff dann duerch d'Mini-Entreprise en zweet Liewen.

Och d'Fëllung ass aus recycléiertem Material, nämlech aus Styropor, deen d'Mini-Entreprise vu private Firmen a vu Recyclingszenteren zur Verfügung gestallt kritt.

Wéi ee sech virstelle ka stécht hannert esou engem Sëtzsak e ganz Koup Aarbecht virun allem wann een a punkto Handaarbecht bei 0 ufänkt. D'Schüler hu sech nodeems d'Konzept feststoung dru gemaach bitzen ze léieren an hunn all eenzele Sëtzsak bis zu 5h Handaarbecht eragestach.

Mëttlerweil setzt d'Mini-Entreprise dann awer op d'Kooperatioun mat der Ligue HMC, engem Atelier Protegé. Och hei ginn et zwee Grënn dofir: Engersäits kann doduerch méi effektiv a méi séier produzéiert ginn an anerersäits kënnt de sozialen Aspekt dobäi. Bei all Bestellung, déi ee bei Ekomfort mécht, kann een 2 Euro fir d'Ligue HMC spenden.

Lauschtert hei den Interview

D'Produite ginn et an zwou verschidde Gréissten. Ee Mol, dee méi klenge "beanbag" vun 100cmx140cm fir 89 Euro an dee méi Grousse vun 140cmx180cm fir 98 Euro. Bestelle kënnt der déi nohalteg Sëtzsäck op hirem Internetsite.