Den Handy ass net méi ewechzedenken a praktesch. Mee opgepasst: E kann och zu Problemer féieren. Zum Beispill wann een net oppasst wou een higeet!

Lauschter hei!

Et ass quasi wéi eng schlecht Komedie. Sief et an enger Foussgängerzone, um Trottoir oder am Shopping-Zenter: Permanent begéinen engem Leit déi konstant op hiren Handy kucken. Wärenddeems se um Handy piddelen, rennen se da gefillt an 10 aner Persounen an an 3 Luuchtepottoen.

Dat ass zwar ganz witzeg nozekucken, mee de Problem ass: Dat Ganzt ass guer net esou ongeféierlech. Passt ee méi op den Telefon op ewéi op d’Strooss, kann dat zimmlech schif ausgoen.

Glécklecherweis schafft Google awer grad un enger Léisung. Si plangen en Update fir Android-Geräter, dat den Notzer hëllefe soll hir Ëmgéigend besser am Bléck ze halen. D’Funktioun heescht “Heads Up” an ass en Deel vun der “Digital Wellbeing” App.

D’Applikatioun soll erkennen op den Notzer grad trëppelt an zu där selwechter Zäit den Handy notzt. An deem Fall kritt een dann eng kleng Pop-Up-Benoriichtegung mat enger Warnung. D’Zil ass et de Leit e méi „gesonden“ Ëmgang mam Smartphone ze vermëttelen. Dat heescht konkret: Den Handy och emol heiansdo an der Täsch loossen.

Wéini d’Funktioun fir all d’Android-Notzer fräigeschalt gëtt ass awer nach net gewosst. Bis dohi musst dir also nach ganz eegestänneg drop oppassen net an de Luuchtepotto ze rennen!