E Gesetzesvirschlag sollt Locatairen zu Berlin zanter engem Joer virun engem ze héije Loyer schützen. Dat ass mëttlerweil awer onwierksam...

De 15. Abrëll huet d´Bundesverfassungsgeriicht zu Berlin eng Decisioun geholl, déi vill Berliner an eng extrem problematesch Situatioun katapultéiert. De Berliner "Mietendeckel" gouf gekippt. E verstéisst nämlech géint d´Grondgesetz an ass domat onwierksam.

Lauschtert hei de Reportage

Vill Leit zu Berlin si Kënschtler an hunn um Enn vum Mount quasi Näischt méi um Kont. Enn Februar 2020 huet de rout-rout-grénge Senat sech dowéinst fir e Gesetz agesat, dass de Loyer zu Berlin fir fënnef Joer sollt agefruer ginn. Dat ganz einfach well sech de Loyer zu Berlin eleng an de leschten 10 Joer quasi verduebelt huet. Déi wéinegst kennen sech hei eng Wunneng kafen.

Eigentlech misst eng Wunneng jo e Grondrecht sin…vir d´CDU an d´FDP awer scheinbar net…Béid Parteien hunn nämlech eng Plainte agereecht vir de sougenannten "Mietendeckel" opzeléisen an et ass hinnen tatsächlech gelongen. Mam Kippe vum "Mietendeckel" stinn eng jett Leit viru folgendem Problem: E Loyer vir soe mer z.B. 80qm, wou e Locataire  elo 900 Euro mat Chargë bezuelt huet (virun 10 Joer waren dat just 500 Euro mat Chargen), ka vum Proprietär elo op 1400 Euro mat Chargen erhéicht ginn.

Dat heescht all déi Leit, déi elo an dëser Rechnung ee Joer laang 500 Euro pro Mount konnten aspueren, mussen dat ganzt Geld deemnächst zréckbezuelen. Theoretesch kënne Proprietären, mat z.B. Sanéierungen, Grënn fannen fir de Loyer enorm an d´Luucht ze setzen. Praktesch gesi sollt also all Berliner Locataire spéitstens elo Member beim "Mieterschutzbund" ginn. De Proprietär gëtt also quasi ouni Begrenzung vum héchsten däitsche Gericht geschützt an eng jett Locatairë wëssen deemnächst net wéi se hire erhéichte Loyer solle bezuelen.

An dat grad a Coronazäite wou déi vill Kënschtler zanter quasi engem Joer net méi hirem eigentleche Job kënne nogoen.