Op enger Pressekonferenz huet den Educatiounsminister Claude Meisch Detailer zum weideren Asaz vun de Corona-Schnelltester an de Schoulen a a Lycéeë ginn.

Den Taux vun de Schüler an den Enseignanten, déi un der Pilotphas vun de Corona-Schnelltester an de Schoulen a Lycéeën deelgeholl war am allgemengen héich. Besonnesch an de Grondschoulen hätten dem Educatiounsminister Claude Meisch no bal alleguerten d'Schüler un der Pilotphas deelgeholl. 97 Prozent vun de Schüler an 89 Prozent vum Schoulpersonal hat sech hei teste gelooss. An de Lycéeën haten op den ënneschte Klassen nach 90 an op den ieweschte Klassen nach 83 Prozent vun de Schüler matgemaach.

Lauschtert hei de Reportage!

Am Ganze goufe wärend der Pilotphas eppes iwwer 7.000 Tester gemaach. 5 Schüler goufe positiv getest. Dës positiv Resultater goufen dann och duerch PCR-Tester confirméiert. Dat géing weisen, dass d'Schnelltester am Allgemenge fiabel wieren an, dass keen Test e falscht positiivt Resultat ugewisen hat.

Den Asaz vun de Schnelltester an de Schoule soll also e weidert Element vun der Test-Strategie ronderëm d'Schoule ginn a mat dozou bäidroen, dass de Presenz-Unterrecht och an Zukunft méiglech bleift. An Zukunft soll all Schüler an all Member vum Schoulpersonal am Schnëtt 1 mol pro Woch getest ginn. Am Prinzip soll all Dag vun der Woch e Fënneftel vun all Klass pro Schoul getest ginn. Well dat aus logisteschen oder pedagogesche Grënn net ëmmer méiglech wäert si, well een de Schoulen hei awer eng gewësse Flexibilitéit loossen. Esou kéinten d'Schoulen och op engem fixen Dag eng ganz Klass testen. Allerdéngs sollten d'Schoulen net alleguerten d'Klassen um nämmlechten Dag testen. Et wier wichteg, dass d'Tester versat gemaach géife gi fir, dass een sech en Iwwerbléck vun der Entwécklung vun der sanitärer Situatioun an de Schoule kréich.

D'Schüler aus dem Cycle 1 wäerten den Test mat hirem Elteren doheem maachen. Vum Cycle 2 u wäerten d'Schüler sech an de Schoulen ënner Opsiicht vum Enseignant selwer teste kënnen. D'Teste soll och weiderhi fräiwëlleg sinn. All Schüler dee getest gëtt wäert en Accord vu sengen Eltere brauchen.

Hei kënnt dir déi komplett Pressekonferenz nach eng Kéier kucken: