Männer si vum Mars, Frae vun der Venus. Et ass kee Geheimnis datt et Ënnerscheeder tëschent Mann a Fra ginn. Esou och wann een Decisiounen treffe muss!

Lauschter hei!

Fir Männer ass et nämlech méi einfach séier Entscheedungen ze treffe wéi fir Fraen. Dat Ganzt huet awer näischt mat Virurteeler oder Klischeeën ze dinn. Heibäi handelt et sech nämlech ëm e biologescht Phenomen. D’Gehier vu Mann a Fra ass nämlech zimmlech verschidden.

Esou ass erausfonnt ginn datt Männer eigentlech net besser doran sinn Entscheedungen ze treffen, mee Alternativen auszeschléissen. Beim Mann gëtt nämlech d’Belounungs-Zentrum am Gehier ausgeléist, wann en Alternativen ausschléisst. Dat heescht datt de Mann sech duerno gutt iwwert seng Entscheedung fillt.

Frae brauche méi laang fir den Entscheedungs-Prozess. Dat läit dorunner datt Fraen am Allgemengen d’Vir- an Nodeeler vun all Entscheedung méi genau ofweien. No der Entscheedung ginn hei awer keng Gléckshormoner fräigesat. Fraen iwwerkënnt duerno dacks e Gefill vun Zweiwel. Dat suergt dofir datt et fir Fraen net esou einfach ass Optiounen ze ignoréieren oder auszeschléissen - dat huet awer och Virdeeler!

Männer sinn zwar besser doran sech séier ze entscheeden. Fraen treffen awer dofir déi besser Entscheedungen. Dat läit dorun datt Männer Entscheedungen dacks individuell treffen, also ouni aner Leit ze consultéieren. Frae sinn do méi sozial a froe léiwer eng Persoun ze vill, wéi ze mann.

Verschidden Etüde beweisen esouguer datt Frae besser Manager sinn. Esou hu Betriber mat enger méi héijer Frae-Quote zum Beispill méi Gewënn gemaach.

Et stëmmt also datt Fraen e bësse méi laang brauche fir sech ze entscheeden. Mee esou laang se genuch Zäit hunn, ass et der wäert ze waarden, well et wäert déi richteg Entscheedung sinn.