© Eldoradio
Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!
Widder
Chainsmokers ft Halsey - Closer
D'Widdere musse mol nees einfach fest an den Aarm geholl ginn
Stéier
Rihanna ft Ne-Yo - Hate That I Love You
Egal wéi gären een eng Persoun huet: heiansdo kann ee se einfach fir eng Zäitchen net gesinn.
Zwilling
Culture The Kid - Glass Walls
Eis Zwillinge fille sech vun anere beobacht a jugéiert. Gitt näischt drop.
Kriibs
Razorlight - Wire to Wire
Aktuell hänken d'Kriibsen an hirer Relatioun um seidene Fuedem. Nach ass net alles verluer!
Léiw
Rosé - On The Ground
Och wann d'Léiwe grad um Buedem sinn, si se schonn am Gaang nees opzestoe fir ze kämpfen!
Jongfra
Emiliana Torrini - Jungle Drum
D'Jongfraen danze grad an engem aneren Takt wéi déi aner duerch d'Liewen.
Wo
Josh Island - Love Don't Come Easy
Och wann et sech gutt uspiert, mussen eis Woen um Gläichgewiicht an hirer Léift schaffen.
Skorpioun
David Guetta feat Kelly Rowland - When Love Takes Over
Eis Skorpioune krute ganz ellen de Kapp verdréint. Rosarout ass déi eenzeg Faarf grad!
Schütze
Gossip - Heavy Cross
Wann der Iech wonnert wat mat de Schütze lass ass: si hunn dës Woch vill um Häerz leien
Steebock
Capital Cities - Safe and Sound
Fir d'Steebéck fillt sech grad einfach alles richteg un. Si hunn ee sécheren Hafen erreecht.
Waassermann
SG Lewis ft Nile Rodgers - One More
Wann der wësse wëllt wéi d'Verkierperung vu Gedold ausgesäit: kuckt Iech emol d'Waassermänner gutt un.
Fësch
Super-Hi, Neeka - Following the Sun
Eise Fësch geet et aktuell gutt, well se all Dag e bësse Sonn tanke kënnen.