Mat engem Lëtzebuergesche Pass kënnt een zimmlech wäit. Ëmmerhi kënne mir domadder queesch duerch d’Welt reesen. Mee wéi gesäit et an anere Länner aus?

Lauschter hei!

Domadder beschäftegt sech de “Passport Index”. Och wa mir eise Pass den Ament net wierklech vill benotzen, ass et awer vläicht interessant ze wësse wéi eng Päss déi beschte sinn. Also mat wéi engem Pass een an déi meeschte Länner areese kann.

Op 1. Plaz ass de japanesche Pass. Mat deem kann een nämlech op bis zu 193 Destinatioune fléien oder fueren. Op 2. Plaz ass de Pass aus Singapur mat 192 Destinatiounen. Op 3. Plaz ass Däitschland a Südkorea.

Lëtzebuerg, Finnland, Italien a Spuenien hunn et leider net op d’Podium gepackt. Déi sinn nämlech op 4. Plaz mat 190 Destinatiounen.

Dat Land mat de mannste Reesziler ass Afghanistan. Mat dem afghanesche Pass kann een nämlech just a 26 Länner. Esouguer Leit mat engem nordkoreanesche Pass kënnen tëschent méi Länner wielen – am Ganzen 39 Stéck.

Iwweregens huet och d’Faarf vum Pass eng kleng Bedeitung. Am generelle ka sech awer all Land d’Faarf selwer eraussichen.

Déi meeschte Päss aus der EU si rout. Domadder soll eng Affiliatioun zu der Europäescher Unioun gewise ginn. Déi rout Faarf ass awer net exklusiv fir EU Länner. Esou hu China, Russland a Südamerika och e roude Pass.

De grénge Pass kënnt aus dem afrikaneschen an dem arabesche Raum. Gréng ass nämlech eng wichteg Faarf fir d’Moslemen. Dann ass et nëmme logesch datt offiziell Reesdokumenter  aus der Géigend déi selwecht Faarf hunn.

De bloe Pass fënnt een a Kanada, Deeler vun der USA, Brasilien, Australien an de karibeschen Inselen. D’Faarf huet hei eppes mat den Nationalfaarwe vun de Länner ze dinn.