Eng nei entwéckelt wäiss Faarf soll net nëmmen déi wäisste Wäiss sinn, mee och géint d’Global Erwiermung hëllefen.

Lauschter hei!

E Fuerscherteam vun der Purdue Universitéit aus den USA huet leschten Oktober eng ultra reflektéierend wäiss Faarf entwéckelt. De Wëssenschaftler no war d’Faarf am Stand 95,5 % vum Liicht ze reflektéieren. Elo hunn d’Fuerscher awer nach Een drop gesat an d’Faarf verbessert. Esou soll se elo 98,1 % vum Sonneliicht reflektéieren.

Vu datt d’Faarf esou reflektéierend ass, hëlt se zimmlech wéineg Wäermt op. Eng mat der Faarf bemoolte Mauer ass esou méi kal wéi hir Ëmgéigend. Tester hu gewisen datt d’Mauer, och bei vill Sonn, iwwert 4 Grad méi kal ass. Wärend der Nuecht war d’Mauer esouguer iwwert 10 Grad méi kal wéi d'Ëmgéigend.

Mat deem Prinzip kéint ee ganz einfach d‘Klimaanlagen ersetzen. D’Fuerscher experimentéieren den Ament nämlech och mat ugemoolte Réier déi Waasser transportéieren. Si hoffen datt se esou eng Stroum-fräi Alternativ zu der Klimaanlag fanne kënnen.

De gréissten Ënnerscheet zu der traditioneller Klimaanlag ass awer warscheinlech datt d’Faarf d’Wäermt bis zréck an de Weltraum reflektéiert. Eng normal Klimaanlag killt d’Zëmmer oder Gebai zwar of, mee produzéiert dobäi och Hëtzt. U sech transportéiert d’Klimaanlag d’Wäermt just no baussen. Se léist de Problem also net wierklech. D’ultra wäiss Faarf wier hei also eng besser a méi ëmweltfrëndlech Alternativ.

Iwweregens hunn d’Fuerscher och ausgerechent, datt wann 0,5 bis 1 % vun den Diecher op der Welt mat der Faarf ugestrach wieren, géif esouvill Hëtzt reflektéiert ginn, datt et méiglech wier déi global Erwiermung ze stoppen an esouguer deelweis réckgängeg ze maachen.