Wéini bezeechne mer een als Kolleeg? A wat verzeie mer eise Frënn? Dat huet eng Etüd vum Playboy-Magasinn ermëttelt.

Frënn gehéieren zu deene wichtegste Bezéiungen déi mer an eisem Liewen hunn. Si kënnen eist ganzt Liewe staark beaflossen. An et gëtt och ëmmer gesot, dass een net vill Kolleege brauch, mee just e puer gudder. Mee gëtt et een Ënnerscheed an der Unzuel vun de Frëndschaften bei de Geschlechter? Dat huet de Playboy-Magasinn probéiert erauszefannen.

Dofir huet d'Zäitschrëft den Opdrag bei engem Meenungsforschungs-Institut weiderginn. Dëst huet am Ganzen 1'031 Fraen a Männer zu hirem Frëndeskrees befrot. Eng dovu war, wéi vill Persounen déi eenzel Participanten als hir Kolleege bezeechnen. Wat koum dobäi eraus? Ma wann een d'Moyenne bei de Männer hëlt, géif all Mann 9 Persounen a sengem Ëmfeld als Frënd bezeechnen. Fraen dogéint ginn dësen Titel just 6 Persounen mat deene se reegelméisseg ze dinn hunn.

Mee wouru läit dat? A wéini gëtt een als "Kolleeg" oder "Frëndin" bezeechent? Bei de Fraen ass der Etüd no ee Grond fir manner Frënn ee ganz bestëmmten. Fraen hunn aner Erwaardungen un hir Frëndschaften, an och méi héijer wéi Männer. Fir Fraen ass et besonnesch wichteg, dass si mat hire Frënn "iwwer alles schwätze kënnen". Dat hu 96% vun de Fraen uginn. Fir Männer wier et dogéint méi wichteg, dass si kënne mat hire Kolleege Spaass hunn.

Ma d'Participanten goufen och gefrot iwwert wat si da mat hire Frënn schwätzen. Bei de Frae ginn et vill Gespréicher iwwer privat, berufflech an intim Suergen. Bei de Männer? Et kléngt e bësse klischeehaft, mee der Etüd no sinn do Autoen a Sport déi Sujeten déi am meeschten diskutéiert ginn.

A wat verzeie mer eise Frënn am mannsten? Ma 57% vun de Fraen kënnen Onéierlechkeet net verzeien, bei de Männer läit dëse Wäert just knapps iwwer 50%. Och guer net cool: eng Affär mam Partner vun de Frënn. Dat ass bei 73% vun de Fraen ee Grond d'Frëndschaft ze kënnegen. Bei de Männer just 58%. Och interessant: Frae kennen hir enk Kolleegen meeschtens schonn zanter der Schoulzäit. Bei de Männer wiesselen dës anscheinend och gäre mol mat der Aarbecht oder dem Bekanntekrees!